Hei deen zweeten versuch mat der Foto aus der série "Vues du ciel", dess keier bessen besser qualiteit, awer, mei geet lo och net mei, main programm ass nemlech net iwerragend vollstenneg
hehe! merci!
Also lo mol zu all deen dei et probeieren wellen: ech muss soen ech kann och deemnowei waa d'situatioun ass höhenangscht kreien. Mee dat kritt een an sou engem ballon normalerweis NËT, well een do keng verbindung mam buedem ass, an et dei verbindung ass dei meeschtens höhenangscht ausleist... also, net faerten!
Elo awer och mol ee seriöë Kommentar vu mir: Du bass entschëllecht, wat d'Qualitéit vun der Foto ugeet. Du sees jo selwer, datts du mat déngem Verarbéchtungsprogramm net méi uriichte kanns. Da loossen ech dat och elo sin, fir hei di qualitatif Aspekter ze bemängelen. Du weess jo selwer, wourunner et happert. Dofir steet dat Thema fir méch net zur Debatt. Ech wëll léiwer drop hiweisen, datt an denger Foto Detailer dra sin, déi mir perséinléch ganz gudd gefaalen. Z.B datt d'Béi vun der Bréck u séch net sichtbar sin, mais séch dofir am Waasser spigelen. Di Linnen a Formen, di durch di verschidde Plantatiounen enstinn, gefale mir och gudd. An dann dee "Spaawek", - ech huëlen un, do hänken di roudwäiss Staangen drun, fir d'Kayakonauten (oder wéi heeschen déi?) -, fannen ech och ganz witzeg, genee wi di Farftupfer vun de Kayake rechts an där gringbronger Hannergrondstëmmung. Ech muss soën, datt dir do keng sou eng schlecht Foto gegléckt as, an den Daag kënnt bestëmmt, wous du ee Fotoverarbéchtungsprogramm kriss, mat deems du aus dëser Foto de maximum raushuele kanns.
Woaw! merci, dain kommentar geet mer direkt an d'herz! Ech muss soen mir gefellt dei foto och ganz gudd, ebengrad weinst dem schied vun der breck, an dei Friischtebeem.
Am moment muss ech all meng photoen fir PG mam paint verklengeren:s well ech mer nach keen gudden programm leeschten kann. hunn lo just bessen verbessert mam ZommBrowser...
Merci!
Wanns de Zäit an Loscht hues, probeier emol de "Gimp". Ass gratis, kanns en onbeschränkt notzen an en huet gaaaaaanz vill Features dei ganz gudd äusgesin