Bon lo sen Esh platt ! Perfekt krutt, super de Weistoun vum Reiher, mengt een e gief aus dem Bild gefloun kommen wat een et mei lang unkukt ! Top ! Gespiegelt giefen och gud wieken..
Merci daste dei Gespiggelt Versioun gewiessen heus, se gefallen ma allenzwou gud, hätt Esh dei 1t Variante nie gesin, dann wiret definitiv dei gespiegelt gewiecht, awa dei 1t schengt ma vun da "Liesrichtung" besser ze gefallen
Dat doten ass net einfach. Fir dee schnéiwäisse Batz do sou schrf an differenzéiert a mat allen Detailler viru sou engem däischteren Hannergrond ze fotograféieren!! Wat hun ech schon dacks geflucht, wann ech alt neess een décken ausgebrannte wäisse Fleck amplaaz ee schéinen Vull um Sensor pechen hat...
Du muss nach well eng roueg Hand hun Ass jo bei dem Gewicht wuel net sou evident sou eng Foto schaarf ze kréien enplus vu daat Fiedervéih jo och net roueg do soutz. Fantastesch Schärft an och flott Luucht has de deen Daach. Fannen se och an déer Versioun (an Lies-Richtung) besser wéi déi aal.
Merci Yves, dat ass déi Saach mat der Lies-Richtung ass schon kommech ... do an den Häisercher kanns de d'Objektiv um Bounensack leien hunn dann geet ët
Jo, wess och net mee iergendwéi schengt et mir emmer méi logesch den Objet vun lenks no riets ze gesin mee ass wuel och wéi emmer adg. Ah okay, du woors am Haischen, sie ass op alle Fall knackschaarf
Hängt dann wuel wiirklech mat eiser Lies-Kultur zesummen...aaner Kulturen déi z.b. vun Riets no Lenks schréiwen gesin et vléicht dann genau aaneschters...wiir interessant ze wessen
Genau esou ass ët ... mais ech muss awer soen dass mer héi déi zwou ball glécih gutt gefall hunn ...wat mech méi nach ee bëssen stéiert ass dass déi zwee Filléckenspëtzeten nët genau an d'Diagonal laafen .. dat muss ech och nach eng kéier verbesseren
Hehe den Déiwel léit do am Détail, daat sin aawer dann wiirklech just nach déi läscht Prozent eraus kraazen well soss get et aawer mengen ech néicht mei bei déer Foto ze verbesseren
Ech passen normalerweis ob sou Sacehn ob mais gëschter woar ët awer séier gangen .. un der Saturatioun (Hannergrond) hat ech den Mëtteg schon ee bëssen geschrauwt kloer sinn ët kleng Détailer mais ganz oft machen déi den Ennerscheet