Boaaaaa. Spannenden Bildopbau wou d'Bildelementer aneneen fléissen an Intérêt ausserhalb vum Bild opbauen. Surreal mee flott, passend Faarwen déi sech vum onsaturéierten Hannergrond erausschaffen - an awer kritt den Hannergrond grad doduerch dass en anescht as nach eemol Wichtegkeet. De Kontrast tëscht dem klenge Mönch an de grousse Bierger, den Komplimentarkontrast tëscht Giel an Mauv, tëscht den stateschen Beem an den flatternden Stoffstécker... do kann een sech knapps sat dru kucken.
(Dräimol gekuckt a well zwee Favoriten, dat geet jo scho gudd un )
Also mengen et ass mettlerweil schons alles gesoot, den Gloda war flaisseg am schreiwen! Kann och nemmen soen GENIAL an ass een absoluten FAVORIT!!!! Et kann een sech net saat kucken an .... einfach nemmen top!
super!
ech si frou, dass déi foto gewielt gin as!
obwuel mech e puer sache stéieren. ech komme fläit drop zréck, muss se nach e puermol kucken, wel se as wierklech immens !
Also ech fannen des Foto hei net gut,
kommescherweis sin Leit hei begeeschtert dei normalerweis, Fotoen dei vill besser sin, auseneen rappen, Dei Leit sichen oft an vill besseren Fotoen all klengen Fehler, ann ann deser Foto sin, mei ewei een klengen Fehler.
Den Himmel an den Iwwergang an Bieger sin schlecht verschafft, ausserdem fannen ech den Schnett net gut gewielt, mir ass zevill Himmel drop (daat ass allerdengs afg)
Merci fir deng eierlech Meenung... ech gesin zwar lo net direkt wou den Iwwergang Bierger-Himmel net propper soll sin aawer ech sin och der Meenung dat des Foto Feeler huet.. mir gefaalen dei vertikal Streifen am Himmel guer net an ech wees net duerch waat se komm sin... wuel duerch d'gepiddels ech wees net... ausserdem hun ech d'Foto ganz um Enn nach bessi gecroppt riets an doduerch ass och d'Vignette ob daer Sait mat wegkomm waat mech och steiert... et si bestemmt nach vill Feeler dran an och Saachen dei steieren an die einfach afg sin an ech si frouh fir all konstruktiv Kritik