Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fromm sinn

 
Fromm sinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2010
  • Gekuckt:
    28031
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f7
  • Brennwäit:
    15 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x1024
  • Späicherplaz:
    621 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Sigma 10-20 f3.5
Kategorie: Allgemeng »» Misc
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
D'Plaatz kennen

Fir anzesetzen: [pg_img=43608]
Kommentar vum Fotograf:
Et ginn Lait dei ier Drog an Gott gesinn... daat ass oft "schlecht " opgeholl ... méé, individuell gesinn , ass daat nach lang net esou deidlesch... Kollektiv gesinn ass daat Doud Gefeieerlesch.

Am anklang matt den Neiechkééten... et soen nemmen dass et besser ass Pastueren sech dierfen bestueden..
pan_or_ama 13.03.2010 - 11:27
ups, geféierlechen Thema,
sin ech dovir den éichten ?bigsmile
gtaddei1 13.03.2010 - 13:59
Ech loossen mir Zàit fir d'Aentwerten ... an Merci villmools fir den Excellenten Kommentar vun Jidderen
Gaga 13.03.2010 - 11:41
jo, wahrscheinlech !
katoulesch taliban dei et sin !!!
gtaddei1 13.03.2010 - 13:59
Ech loossen mir Zàit fir d'Aentwerten ... an Merci villmools fir den Excellenten Kommentar vun Jidderen
Nicon07 13.03.2010 - 11:52
Ech fannen et KENG gudd Iddi, dest Thema hei an engem Fotoforum uschwätzen ze wëllen, scho guer net, wann di Foto, déi hei gewise gëtt, a kengem Rapport steet zum Thema "Mëssbrauch". Just dësen ee Saatz derzou: Mëssbrauch ass keng exklusiv Affaire vun zölibatäre Geeschtléchen, et gëtt dee Phänomen -leider - an alle Gesellschaftsschichten. Souvill dozou!

Mais wanns du awer mat dénger Foto Frömmegkeet am allgemengen uschwätz, dann laut eng aaner Gei. Well dann erzielt se eng ganz déifgrënneg Geschicht wou ee vill Saachen dran interpretéiere kann:

e puer Gedanken, déi mir hei durch de Kapp gin:
Posch a Spigel -> Geld a Selbstgefällegkeet
Engelsfoto a Gebiedbuch -> Volleksfrömmegkeet (scho bal Götzeveréierung [Engelen ubieden bei engem Gott, deen keng friem Götter niewent séch well hun, wat ass dat aanescht?]) a färdeg Texter, déi een nëmme brauch rofzeleieren ouni mam Härz mussen dobäi ze sin. Dat beschreift dach ganz gudd déi Ambivalenz an där mir all Daag liewen.
An ech hun nach aaner Gedanken, déi ech awer elo mol net hei soen, fir net aanerer ze manipuléieren


Bref: Mir gefällt déng Foto an deem Sënn ganz gudd, well se Spillraum schaaft, fir nozedenken iwwert de Sënn vum Glawen, egal ob ee selwer gleeft oder Agnostiker, bzw. Atheist ass. Well och déi, di net un ee Gott gleewe, kommen an eiser Welt net derlaanscht, séch deem Theam unzehuelen. Dofir erliewen d'Reliounen ze vill een neien Opschwonk, fir d'Aaen do zouzemaachen.
Gaga 13.03.2010 - 12:02
super deng analyse, ech muss zougin dat ech daat alles guer net esou erkannt hun !
waat menger mehnung no an deem kontaxt hei och nach eremgespigelt get as , dei aal, versteppsten seit un der katouleger kierch, deen dann erem zum aktuelen thema zölibat - jo oder neen, passt !!
sou eng foto, dei mat "modernen" requisiten gemach wier, kann ech mer mol net fierstellen, waat as modern un der kierch ?
Nicon07 13.03.2010 - 13:57
Voilà, dat do wier ee vun de Gedanken, deen ech och hat, deen ech awer net wollt och nach virdrun dobäi schreiwen.

Nach eng Remarque zu dénger Fro: eng Kierch ass esou modern, wéi di Leit, déi se liëwen. Dofir: wann een d'Kierch wëllt moderniséieren, da mussen déi Leit, di séch Kierch nennen, dat vu bannen raus maachen. Sou wéi an engem Sportsclub, deen net méi gewënnt an séch dofir nei Trainingsmethode muss gin fir neess Erfollecher ze hun.
Gaga 13.03.2010 - 15:13
jo, ziel deenen am vatikan daat, ech hun verschidden kreschten (praktizeierend an an enger direkter funktioun) kennengeleiert dei selwer net mat hierem chef erverstaanen sin, mais den gros, as eben sou iwerdriwen mega conservatif ! wei dei aktuel diskusioun iwert t'zölibat erem beweist !
et as schuet !
gtaddei1 13.03.2010 - 23:55
Jo ech kenn mir och schlecht virstellen wat modern ass an dem ganzen konservativismus ass ... an et gett op Ofdreiwung geschloen ewei op Ketzer mé op Psychologesch Problémer vun verschiedenen Représenteen vun der Kiersch gett justifizeieert well och Aanerer esou woaren ... villeicht ewei den Sokrates oder den Platon.

Ech erwaarden mir eben eng Prise de Positioun , net nëmmen fir d'Responsabilitéit ze erkennen mé awer och fir eng Léisung ze fannen...

Dat Ass wichteg fir dat weider én Sënn un der Kierch fond gëtt. Ech verléieren se perséinlech net , de Jesus ass mäin beschten Frënn, mé ais Jong Leit?... D'Spiritualitéit ass wichteg an eise Liewen.

Jo d'Kierch soll de Leit heleffen vun klengem un hir Spiritualitéit am lafen vum Alter ze räifen. Mir sollen leieren endlech dei aaner Götter ze dulden.. an wann dei Aner Götter als net dulden (voir Nigeria ... 300 gekätonguepten Katholiken... Indien 2 Dierfer verbrannt... asw) dann sollen mir eisen aneren Baak dohinner halen. De Gandhi huet dat gemét als Hinduist, de franziskus an den Padre Pio hunn daat gemeet als Modern Kreschten asw... Virwaat net... Geif d'Krise net ophalen wann mir mir ais e bëssen méi géifen respektéieren ... dann wàr och Griichenland besser (d'Land vun menger Fraa) ...
Et keint én esou laang diskuteiren nemmen fir daat ais Pasteier waider bestoen sollten... mé et misst én endlech én aaneren Wéfannen.



Kuckt émool ... virwaat ginn 50% vun de Kopplen geschét? ... Well et eben esou ass ... Erklàrungen ginn esou vill... Géif de Jesus béiss ginn wann é Paaf sech geif bestuerden? Wär daat nett am Einklang mat aiser Ära?. Sie missten wengstens kennen wielen :
gtaddei1 13.03.2010 - 13:59
Ech loossen mir Zàit fir d'Aentwerten ... an Merci villmools fir den Excellenten Kommentar vun Jidderen
pan_or_ama 13.03.2010 - 15:49
dat wat bis elo schon hei geschriwe gin as, ... enner anerem déng Analyse, war scho méi ewéi derwärt déi heiten Foto (déi nët zoufällech elo hei opgetaucht as) ze weisen.
Nicon07 13.03.2010 - 15:58
Dat ass et jo eben: Di Ambivalenz vun där Geschicht. De Fotoforum ass vläicht net di beschte Plaz fir sou eng Diskussioun, an awer ass et gudd a wichteg a richteg, datt den Thema durch des Foto ugestouss gin ass.

Et ass wéi mat enger Mënz: si huet ëmmer zwou Säiten, an et kann een ni di zwou Säite matenee kucken, et muss een ëmmer hin an hir dréinen, a wann een di eng Säit kuckt, verléiert een di aaner aus den Aaen, an ëmgedréint. A wann een se ze séier hin an hier dréint, gëtt een dronkech an et gesäit ee guer näischt méi, dréint een se ze lues, da riskéiert een ze vergiesse, wi di Säit, déi een net gesäit, ausgesäit. An dach: et duerf een ni ophaale mat dréinen.
Gaga 13.03.2010 - 16:46
ech muss awer soen, nikon, dat ech fannen dat t'fotographie, wei all konscht, och dofier do as politesch, wessenschaftlech an sozial themen ze traiteieren ! se wor a gewessen zeiten souguer dofier do, seng mehnung mat ze deelen, well een mat wieder an texter, seng mehnung net duerft soen ! graat bei der kierch, wor et gang und gebe, dat leit duerch konscht verstoppt messagen verbreet hun, dei an buch oder riedensform, zur zensur fun der inquisitioun gefouert hätten, waat net all ze seelen mat der doudesstroof oder mat liewenslaangen prisong bestrooft gin as !
den gtaddei scheng jo hei och epes ganz spezieles dermat ze verbannen, sengem komment no, an ech fannen et emmer erem flott hei och fotoen ze gesin wou net dei technesch werter, an reglagen am PS wichteg sin, mais den message ... leider hun ech guer keng zeit fier sou "inzineierungen" ze machen, well et missten vill mei der fotoen hei ze gesin sin ...

PS : dat et dann an enger gesellschaft (PG,oder dobaussen bei dei leit) zu diskusiounen an mehnungsverschiddenheeten kennt, as normal, an och gut well dann t'leit ugedriwen sin, sech mat deem thema auserneenze setzen !

PPS : dofier fannen ech et schuet, dein eichten satz hei ze gesin : Ech fannen et KENG gudd Iddi, dest Thema hei an engem Fotoforum uschwätzen ... sin mer dann nemmen hei fier iwert technik ze schwätzen ?
Nicon07 13.03.2010 - 18:02
Natiirléch si mir och hei, fir iwwert d'Messagen ze schwätzen, déi Fotoen ausdrécken. An déng Gedanken zur Zensur an Inquisitioun sin hei ganz richteg ubruecht. Datt mir hei des Diskussioun féieren gefällt mir och ganz gudd. Mäin éischte Saatz hun ech bewosst sou geschriwwe, well ech wousst, datt dowéinst d'Diskussioun géif a gank kommen. Méng Angscht war (an ass och nach e bessen) déi, datt mir hei derapéieren, an op eemol di ganz Diskussioun net méi ze kontrolléieren ass. Mais elo, nodeems mir hei schon eis ausgetosch hun, fannen ech selwer, datt dee Satz net ganz gléckléch formuléiert ass. Dofir wier ech dofir, neess op d'initialt Thema hannescht ze kommen.


gtaddei1 14.03.2010 - 00:07
Et ass wouer daat eng Foto och é Message matzedeelen huet ... mä och net ëmmer...

Sollen mir nëmmen iwer teschik schwätzen... jo net nëmmen ... den Thema ass och Foto... at et ass och Technik... Mee sollen mir de Message vun der Foto reveleieren matt Kommentar oder och net... ?

Kuckt dess Foto ... an d'Konsequenzen vum Kommentar... ... Nu jé sollen mir de Leit matdeelen wat kir mengen oder och net... eng Foto sollt villeicht alleng de Message ausdrecken ... an eng gudd Foto léisst dem Zuschauer keng Fräiheet se ze Feelinterpretéieren.

Ech fannen et einfach Groussaarteges wat dir hei vun Super Saachen gesot hutt... Et ass eng ganz Serieux an een Philosopheschen Aspekt eraus komm , net nëmmen iwwer eng meiglesch Zukunft vun eiser Religioun, mä Gläichzäiteg, eben well mir Fotoen maachen, ech ganz Dialektk iwwer de Sënn vun der Fotografie.
gtaddei1 13.03.2010 - 20:04
1- Keng Gudd Iddi:
Keng Gutt Iddi fir...

Jo é Bild ass eng Compo, Faarwen oder SW, an én Thema ...

An wann ech net dee leschten Saatz an mengem Kommentar geschriwwen hätt? Wat wär dann ? Oft ass et gutt net den Observateur ze dirigéieren an dem Bild freien Laf loossen... Ass et dann elo é Fehler gewiescht... Jo ech mengen jo et ass een ma awer och net... D' Foto kann an deem Kontext do geholl ginn well D'Frommhét awer e bëssen bafoueiert gëtt.

....et gëtt dee Phänomen -leider - an alle Gesellschaftsschichten. Souvill dozou!:

Datt ass grad wat mech am meeschten rosen gemeet huet. Effectivement, wou den Porte Parole vum Vatikan dat selwecht sot. Et kennt mir fir esou eppes ze héieren ewéi dat dote: "... jo et gin nach vill anerer déi Leit ëmbréngen..." Hellt dat deenen Leit Responsabilitéit ewech? ...Ech mengen D' Kierch misst do eng objektiv Analyse feieren an eraus fannen virwaat daat geschitt. Et ass jo evident... D' Kanner wieren sech nett, sinn influencable an en plus ... sinn ganz einfach déi Leit Sexuell onreif... sie fillen sech sexuell ewéi een 15 Jährischen... ...

Suite suit ...
gtaddei1 13.03.2010 - 14:02
Ech dééln iech meng Vue an firwaat ech dei Foto opgelueden hunn ... an virwaat ech mir daat och getraut hunn dei làscht Zail dobai ze schraiwen .
Gitt mir Zàit fir Zàit ze hunn ... merci
gtaddei1 14.03.2010 - 00:08
Merci fir dei SUPER KOMMENTAREN

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 514 Gäscht online