Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Och vu mir eng vun der Zech

 
Och vu mir eng vun der Zech
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.04.2010
  • Gekuckt:
    34874
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f 9
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    ---
  • Beliichtung:
    ---
  • Gréisst:
    1045x696
  • Späicherplaz:
    517 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Canon 16-35 USM f 2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Misc
Extras:
Fir dohinner - Benzin an fir zereck - Chance

Fir anzesetzen: [pg_img=44194]
Kommentar vum Fotograf:
Eng fantasstesch Plaatz , alles nach Wonnerbar Erhaalen , ouni TAGs , mé stepsesch .
Shantideva 02.04.2010 - 21:04
Ech hat eng Foto vun do am Portrait geholl awer ech fannen se sou besser. Flott Bearbeschtung och!
gtaddei1 02.04.2010 - 21:09
Merci ... daat gesait um schierm diffus aus am virgronn mé op d'impressioun ass et ganz proper.
suraki 02.04.2010 - 21:17
e klicken as hei e muss, ... als Drock as se bestemmt super smile
gtaddei1 02.04.2010 - 22:15
Jo impressioun oder Besser gesoot Drock... du huess recht
Jean-Jos 02.04.2010 - 23:37
Däin tonemapping gefällt mer gutt. Flott Nuancen! Déi frontal Vue verschaaft hei eng schéin Déift, d'Aen gëtt richtég op de Mëttelpunkt gezun.
gtaddei1 02.04.2010 - 23:43
Merci villmools.
Et ass vill aarbecht bie sou enger Luucht eppes présentables eraus ze schaffen
m-otiv 03.04.2010 - 00:42
Super bea wei emmer mä hei feehlt mir eppes, e sujet... Et as fir mein gout ze teschnech... Lait net un dir, beim Zampano seng och...
gtaddei1 03.04.2010 - 10:15
De Sujet?, Eng Schinn fir Buggyen, dei ass villeicht nett Spektakulär genuch ? Bo ... ? Esou eng Foto ass villeicht just nemmen am Groussen ze weisen
m-otiv 05.04.2010 - 00:47
haat se elo op flickr gesin, an een aaneren huet di selwecht remark gemaach wéi Ech....Daat berouegt mech...
Du wees mir sin emmer éierleg...soen just eben wei ech se gesinn...An wann Ech eppes Top fannen dann soen Ech dir daat och emmer...op flickr ass d'opléisung och vill besser. An daat helleft
gtaddei1 05.04.2010 - 01:03
Ah, do sinn ech iwerzécht dass du eierlech bass an daat aprécieieren ech och... ouni Problém... Ech kloen och nett!
Bei all Kritik stellen ech mir emmer Froen an dann probeieren ech d'Verbessrungen ze brengen anhand vun der Kritik
Jo den RogeISM ... dén mecht super Street Portraiten , an hien sicht och de Message an enger Foto... an Hai ass eben kén...
Mé ech hunn dei erausgedreckt... do ass dei aaneschters an et gett méi , villeicht , appréciert . Et woar eng reng Digital Corvée fir aus derer Luuchtzopp erauszekommen
Metalbambi 03.04.2010 - 01:31
Vier Mein Gout ass dei zimmlech iwwerlueden. Hues zwar en technesch propperen HDR gemaach un deem neicht auszetzen ass, mee doduerch kriss de sou eng Detailfüll an d'Bild daat et d'Wierkung sech selwer zersteiert. Wier besser wans de dech mei ob een Element geifs konzentreiren an daat dan duech dei richteg Beliichtung ervierhiewen, ouni Probleem och mat HDR-Teschnik, mee eben manner staark wei hai. Du probeiers schon bal mei ze weisen wei d'menschlecht Aan eigentlech geseit.

Hmm, mieken graat daat ech an der Laescht e bessen vill ob dengen Fotoen rondremhacken, ass net perseinlech gemengt. closed_eye
gtaddei1 03.04.2010 - 10:12
Do huess du rescht , Vill Detail (ouni HDR ass et onméiglesch dei dooten ze maachen.
Et ass kloer daat vill do ass mé eng liesrichtung ass ginn , mengen ech emool, dann op én element d'attentioun konzentreiren ass hai schweier , waat fir én Element ?.
Ech hunn de Virgrond opgehellt an den Hannergrond och, mé nett zefill fir d'Balance vun der Luucht net könschtlech ausgesinn ze dinn. D'Bord'en sinn oofgedonkelt fir de regard am Zentrum ze behaalen ...
Méi konnt ech nett maachen... et ass villeicht eng Dokubild... an nett méi wei daat.
En plus ass daat, daat eischt bild waat ech do gemét hunn.
Enfin, méi kenn hai nett erauszeien.
Oh du kenns alles soen, dofir sinn mir hai... am gudden an am schlechten... ech huelen daat nie perseinlech op , a wann dann ass et mein Problem , mengste nett?.
Allzaiten maach esou weider
Merci
Metalbambi 03.04.2010 - 20:22
Mat der Bleckleedung hues de wuel Rescht, Kompositioun ass gudd, wei emmer bei dier, waat och weisst daats de awer wees waats de mess. smile

Wollt just Messverständnisser vermeiden, net all Mensch verdreit Kritik sou gudd weis du an liest se objektiv.
gtaddei1 03.04.2010 - 20:27
Ben ... d'Kritik ass en Effort vun déms dén se mescht , an et ass én point de vue. D'Kritik déét verstoen ewei d'Foto gesinn gett , an et gett dem " Kritiker" och d'Meiglechkét fir mamm Auteur ze diskuteiren an dei 2 leiren dorausser, eben well 2 Hobbyfotografen oder Profien oder och semiProfien sech hai confronteieren.
Merci fir deng aentfert
Scheinen Oustersondesch
Jeanny 03.04.2010 - 07:19
wonnerbar, eng herrlech Deift am Foto
a super verschafft
gtaddei1 03.04.2010 - 10:15
Merci Jeanny, schein feierdég , fir dech an dei aaner um PG
Jeanny 03.04.2010 - 19:29
merci, wënschen ech dir och
xaph32 03.04.2010 - 11:05
wat eng déift....
gtaddei1 03.04.2010 - 11:28
Thx Xaph
Dei mescht én am Fong fir de Fong

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 652 Gäscht online