also ech hun et immens gäer (zevill waarscheinleg, wäll wann den horizont net ze gesinn ass, bevorzugen Ech de FE op den waitwénkel)....aanerer haassen et ...
Sin rem do (ass daat net e gäilen Kommentar ?) Ne lo mol seriös. Di Spiraldingsdabums an der Mett faszinéiert mech, gudd an d'Bild gesaat, och mat den Trapen als Cader souzesoen. Froen mech just virwaat den Trucmachin an der Mett gudd ass. Et ass jo wuel kaum en"Cage" fir d'Gogodänzerinen :-o
Et mierkt een, datt ech an der Läscht nëmme séier Fotoen ropgelueden hun, awer net mi mir Zäit geholl hun (oder konnten huele) fir ze kucken, wat nach op PG Schéines gewise gëtt, soss hätt ech des Foto net verpasst.
Déi ass echt g... randios, vum Opbau, vun de Farwen a vum HDR, deen dezent agesat ass, sou wéi et soll sin. Esou ee bildfëllenden Fisheye huet dach wirkléch séng Viirdeeler. Ech hun de Sigma 8mm fir FX, dat ass zwar och net schlecht, awer a Kombinatioun mat der D700 awer net grad di richteg Alternativ, wéinst den (an deem Fall "nëmmen" 12,1 MPx op groussem Sensor. Wanns du do färdeg bass mat cropen, da bleift nach mat Ach und Krach genuch fir en DIN-A4 Print. Am Géigesaatz zu 12,7 MPx iwwert di ganz Foto mat der D300s...