Wowwwwww! Daat waer den Gewënner vum actuellen concour!!! Firwaat hues du déi hei photo net fir deen thema gehaalen?!??! Also ech hätt fir dech gevotet!!
super!
ech wollt et eigenlich duerfir roplueden, mee den regelen no daerf en nëmmen photoen uploaden dei an der zeit vum concours gemach goufen oder? ...
dat heiten war virun 3 wochen oder sou duerfir
Atmosphäre as nët schlecht, mee fir mäin Goût hues de hei liicht zevill un de Regler gedréint. Gesäit mir bëssen onnatierlech aus. Wann daat d'Ziel war, dann as et erreecht gin.
Du kéins se och mol quadratesch kadréieren. Uewen an ënnen ca. gläichvill ewechhuelen. As eng Propose...
jo, mir urspruenglich och, mee ech hun mech lo drun gewinnt ...ech hat eigentlech an den Farwen bëssen iwerdriwen wëll ech se op mein Printer ofstëmmen wollt an dun hun ehc se sou geloss ...
ech probeiren dat mam quadratischen kadreiren demnächst emol
merci fir den Kommentar
ech kann wuehl genau dat selwecht soen iwer Portraiten oder Persounen fotographéiren ...naja iergednwei hun ech nach keen sou richtig fonnt den sech well photographeiren lossen ausserdem sin ech nit sou sëcher wéieen Genre vun Sachen mer eigentlech am meeshcten leit ...duerfir schwammen ech alt mol fir den Moment bessen ziellos rondrem
Grad Filter ass entweder en ND Filter oder en Farwfilter den nit durchgehend dei selwecht Densitéit huet, dat heecht Uewen zum Beispill mei donkel ass wéi ennen. Et kritt een Gradfilteren entweder als normalen ronnen Filter fir opzeschrauwen, oder eben als rechteckig 10x15 Plack den entweder vun Hand vidrun gehaal kann gin oder eben an en speziellen Filterhalter befestigt get wat den virdeel huet dat en d Gradatioun verschieben an roteiren kann fir êben der Kompositioun vun der Photo unzepassen.
Sou en Filter hëlleft zum Beispill Landschaften dei en immens groussen Dynamikemfang hun besser anzefaenken , well oft z.B. wann een eben Sonnenënnergäng knipst en entweder den Himmel oder just d Landschaft richtig beliichte kann (also eent vun béiden ëmmer iwerbeliicht, respektiv ënnerbeliicht ass).
jop genau ...
obwuehl mengen ech den neien raw converter vun adobe och d funktioun 'grad filter' huet ...dat heescht den effekt virtäuscht soulang d Kamera genuch Dynamikreserven huet