Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Probeiert

 
Probeiert
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (23.08.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.08.2011
  • Gekuckt:
    12696
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/15 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    68 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1.6666666666667 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    381 KB
  • Originaldatum:
    2011:08:21 11:20:33
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon70-200
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58291]
Kommentar vum Fotograf:
hu mol eppes probéiert, si mir net sécher
wier frou iwwer all Rotschléi, villäicht och wei ech et ka besser maachen
Zora 22.08.2011 - 13:52
Sin jo och keen Expert, mee wei geing se mat mei Kontrast ausgesin?
Jeanny 22.08.2011 - 19:55
et war eng Pann an der Beliichtung, ech hat gemengt SW hätt se nach gerett,
Zora 22.08.2011 - 20:12
Awer eng cool Pann.
Poly 22.08.2011 - 15:19
hmm blend 13 1/15 sec 200 iso ap, giff ech soen dat déi schon bei der Opnam iwwerbeliicht war, leider hues de do guer keng Zeechnung méi an dengen liichter, déi komplett ausgefriess, sinn, op jiddwerfalls vill ze vill hell, wann och am original ass, ass do net méi vill ze retten unhappy
dat wier schued well dat Motiv gefëllt mer sécherlech guttsmile
suraki 22.08.2011 - 17:31
dat doten ass keen Zoufall Poly, dat d'Bild iwwerbelicht ass ... dofir kennt d'Jeanny säin Apparat ze gutt. Ech mengen just dat hatt wierklech eppes probéiert huet ... woumat och ech mech net kann ufrënnen. Wat mer awer gefält ass déi 1/15 sec , d' verwëschten Léit gefale mer.
Poly 22.08.2011 - 19:15
kloer dat de wëscheffekt ass och gelongen, just eben dat et béi der Opnam eng Roll bei der Beliichtung gespillt huet closed_eye
suraki 22.08.2011 - 19:27
16,22 wär jo nach dragewiescht ? smile
Poly 22.08.2011 - 19:32
kloer, wat waren nach zéiten wéi mer mam beliichtungsmiesser ronderëm gelaf sinn bigsmile
mä fannen dat gutt dat "Jugend" och emol manuell experimentéiert, ouni déi Automatik closed_eye
Jeanny 22.08.2011 - 19:53
Ech mengen ech kenne main Apparat Edy,smile hei hat ech einfach net uecht gedoen,unhappy hat gemengt, den SW giff nach e bësse retten, schued, da flitt se. intressant är Diskussioun Edy, merci
Jeanny 22.08.2011 - 19:54
Merci Poly, kanns de kucken wat ech em Edy a Luc geschriwwen hunn
Poly 22.08.2011 - 20:27
dat soll jo och esou sinn, dat een eppes probéiert, an driwwer diskutéiert gëtt,
leider ass et esou dat hei um PG, net ëmmer esou Fotoen ugeholl ginnunhappy , wou een sech nunn wierklech emol kann "zesummesetzen" fir Erfahrungen auszetauschen unhappy, well jo ze soen bal nëmmen perfekt Fotoen sollen gelueden ginn closed_eye
Luc_69 22.08.2011 - 17:47
Dann so eis mol wats de wolls probeieren. Dat geif eis hëlefen.
Jeanny 22.08.2011 - 19:47
ech hat net uecht gedoen an se iwwerbelicht, well Foto sou mir awer gutt gefall huet, hunn ech se mam Silver Efex verschafft, op den éischte Bléck huet si mir awer du gefall, lo wollt ech mol är Meenung wëssen, ass se fir an de Pabeierkuerf?
Luc_69 22.08.2011 - 20:47
Schein probeiert, mee leider an mengen Aan awer neischt mei ze machen.
fir mesch ass dei doten Pabeierkuerf.
Pit 22.08.2011 - 20:20
Also deen Effekt ass mol nët sou schlecht....
Jeanny 23.08.2011 - 06:31
hunn dat och geduechtsmile
Miisamm 22.08.2011 - 21:30
D'ass mol net dee komeschen Effekt deen mech hei Steiert, wann deen Typ lenks zweschent de Maschinnen gewiercht wier, hätt se schon vill besser gewierkt, an den Bildopbau steiert mech am ganzen irgentwou.

Lenks ofschneiden, dass se quasi am quadrat ass, an dei donkel plaatzen nach e bessen mei donkel maachen, dat keint hellefen, muss awer net smile. Vill spass beim Piddelen bigsmile
Jeanny 23.08.2011 - 06:30
Merci Miisamm, dat probeieren ech
Jeanny 23.08.2011 - 14:20
Ech hunn Foto nei verschafft, wann ech se well ersetzen, gëtt et net, et bleift ëmmer däi al ? wier ka mir hëllefen
Luc_69 23.08.2011 - 14:28
Nee, dei nei ass schon drob. Wanns du nach dei aal ugewiesen kriss, dann koennt dei aus dem Cache vun dengem Browser.
Klick mol shift reload
Jeanny 23.08.2011 - 16:36
Merci Luc, ech hat gemengt se giff direkt ersat ginn, lo ass se jo dosmile
Poly 23.08.2011 - 14:29
wann ech dropklicken kéint de nei, normalerweis dauert et eng Zäitchen bis ze reaktivéiert gëtt, wéi wann s de eng nei eropluets, wann net maach eng PN un de Johny closed_eye
Jeanny 23.08.2011 - 16:37
hu gemengt se wier direkt ersat, et ass däi éischte kéier dass ech eng ersat hunn, och dir merci Poly
Poly 23.08.2011 - 17:18
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 651 Gäscht online