Hallo nebu Deng Serie gefällt mer immens gudd. Sie huet wirklich "das gewisse Etwas". Et géif mech just intresséieren wéi's du dat gemeet hues, datt den Hannergrond sou niwwelig wäiss ass? Kompliment fir des Versioun.
Also fir unzefänken hunn ech Photo bei Sonnen Ënnergang gemat fir dat Contouren sou schéin Liichten. Dann hunn ech se an Richtung Iwwerbeliichtung gemat well mir den Himmel net sou gefalen huet an zousätzlich verursaacht dat bei enger sou weit oppener Blend vun f2.2 (bis 4.0) een ganz "niewelechen" Hannergrond. Fir lo awer bëssen méi vun den Contouren ze erkennen hunn ech nach bëssen am Computer un der RAW Datei gedréint (alles mat LR3.6). Als éischt hunn ech exposure ganz bëssen zeréck gedréint. Dann hunn ech Saturatioun erof gedréint. Blacks hunn ech dobäi ginn fir dat Bild nach bëssen méi Contouren kréit. Den Contrast hunn ech op "strong" gesat wat dat dann och nach verstäerkt.
Déi lescht 3 Schrëtt waren dann Saturatioun vun der rouder Faarw erop ze dréinen, Luminanz ganz ze reduzéieren an ee bëssen Vignette dobäi gesat.
Félicitatioun nebu! War och mäi choix, och wann ech virdru nach kee Kommentar geschriwwen hat.
Flott esou desaturéiert a flott och wéi's de mat den hellen Téin spills.
Gratulatioun, war och main Favorit an der Oofstëmmung!
Ech haat leider keng Zait fier e Kommentar ze tippen mee dann maachen ech dat lo nodréiglech: Besonnesch di éischt an di läscht äus der Serie hu mer et ugedoen. Super opgebaut, herrlesch verschafft! *staun*
Mexki och dir Loki. Béi der leschter war ech mir net sécher well ech selwer net richteg konnt entscheeden ob déi Links onschaarf Blumm mech stéiert oder net.
Oh nee ech fannen se stéiert iwwerhapt net mee gëtt deem ganzen nach e bessen méi den Androck un Perspektiv.
Fehl op der Plaaz fannen ech se iwwerhapt net. Wéi d'Marischen uewen seet, daat sin richteg schéin Blummefotoen, an daat soen ech och, an zwar als een deen daat oft probéiert mee nie hikritt huet
Hat déi iergendwéi ganz verpasst. Mee ech muss soen dass et déi éischt Blummefotoen säit laangem sinn déi mer richteg gutt gefalen. Komescherweis gefält mer déi éischt nach am mannste gutt, mäi Favorit ass déi 2t