Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

voyage

 
voyage
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.08.2013
  • Gekuckt:
    51435
  • Favoriten:
    14 (Wen?)
  • Kommentarer:
    54
  • Beliichtungszäit:
    5/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    950x632
  • Späicherplaz:
    357 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:21 21:41:43
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Grofilter a Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=74471]
Kommentar vum Fotograf:
"Le vrai voyage ce n’est pas de chercher de nouveaux paysages mais un nouveau regard."
Marcel Proust

Am Éisléck mam Zuch ënnerwee.

Ech stoung mam Stativ bei der Fënster vun der Dir hannen an der leschter Voiture ( Schnellzug Lux - Léck ). Ech hat Chance, si war net ze vill dreckeg.
D'Schinne si uneneegeschweesst an dofir wackelt den Zuch net vill. Allerdéngs muss de Radius vun der Kéier während deene 5 Sekonnen konstant bleiwen oder d'Streck muss ganz riicht sinn, soss gëtt et näischt. Hei hat d'CFL gutt geschafft.
Et sinn allerdéngs och vill Biller an d'Poubelle gewandert, just e puer Fotoe si réusséiert.

Schluck 26.08.2013 - 11:54
Immens dat do .. ass dat no fir oder no hannen eraus ?
jorsch 26.08.2013 - 20:04
Merci Schluck, och fir de Fav.!

( Kuck och den neie Kommentar uewen w.e.g. )
Schluck 26.08.2013 - 20:07
Ok ... hat ech mer sou ongeféier och geduecht. Super ëmgesaat!
Abacab 26.08.2013 - 12:31
TOP! Zumol d'Schinnen di liichten.
jorsch 26.08.2013 - 20:05
2x Merci Abacab, fir de Kommentar dan de Fav.!
Abacab 04.09.2013 - 19:22
Félicitatioun jorsch! Gudd geschafft!
jorsch 07.09.2013 - 21:51
Merci Abacab!
Conley 26.08.2013 - 13:36
Dem gudden Mann ginn ech vollkommen Recht jorsch! closed_eye Duerch Beliichtungszäit ass hei keen Katenäirspoto ze gesinn. Leitungen hänken fräi an der Luucht. Um Eegleisegen, virdrun oder hannert enger Kurv kennt dat Wonnerbar eriwwer. D'Idee an d'Emsetzung ass Top!!
jorsch 26.08.2013 - 20:05
Merci och dir, fir de Kommentar an de Fav.!

( Kuck och den neie Kommentar uewen w.e.g. )
Conley 02.09.2013 - 07:47
Gléckwonsch jorsch!!
jorsch 07.09.2013 - 21:51
Merci Conley!
Globe-Photo 26.08.2013 - 15:31
Wonnerbar Aarbecht, déi gefällt mir super gut !
jorsch 26.08.2013 - 20:06
Merci Globe-Photo fir de Kommenatr an de Fav., freet mech wa se dir gefält.

bac 26.08.2013 - 17:49
Scharf déido
Géif mech mol interesséieren wéis de ett faerdech bruecht hues d'Schinnen nett ze verwackelen. Hat elo eng an der Vakanz och e puer Fotoen aus engem Fuehrerstand gemaach, mais matt limitéierten Erfolleg
jorsch 26.08.2013 - 20:07
Villmools Merci, bac!

( Kuck och den neie Kommentar uewen w.e.g. )
bac 26.08.2013 - 23:07
Ah jo matt stativ hat ech mer geduecht
Merci Jorsch
gemu 26.08.2013 - 18:10
Staark, verstinn net dat den Zuch net gewackelt oder vibréiert huet während deenen 5 Sekonnen. Ech bewonneren deng Ideen an hir Ëmsëtzung ëmmer op een neits
jorsch 26.08.2013 - 20:07
Merci fir de Kommantar an de Fav.!

( Kuck och den neie Kommentar uewen w.e.g. )
gemu 26.08.2013 - 22:02
Merci fir déi zousätzlech Info, immens interessant, dann bass du bestëmmt oft d'Stréck ofgefuer fir déi Plaaz ze fannen. Respekt josrch fir d'Resultat
Silex 26.08.2013 - 18:24
Wow! Schon rem super! Super Ideee, super Opbau, Dynamik, Farwen...

Eenzeg d'Oberleitungen stéieren de perfekten Minimalismus a mengen Aan.
jorsch 26.08.2013 - 20:11
Merci silex, och fir de Fav., freet mech wa se dir gefält.

Du huer Recht, d'Oberleitung ass verwëscht. Dat geet och net aaneschters, well d'Dréit jo net d'Kurv vun de Schinne matmaache an doduerch "wackelen".

Sollt ech probéieren, se ewechzebotzen? Dat ass vill Gepiddels an ech weess net op et proper réusséiert?

( Kuck och den neie Kommentar uewen w.e.g. )
MR 26.08.2013 - 18:44
Ech sin begeeschtert vun
denger Foto jorschsmile
Dei as dir wonnerbar gelongen!
jorsch 26.08.2013 - 20:12
Merci MR, och fir de Fav.! Freet mech wa se dir gutt gefält!
Bob76 26.08.2013 - 21:37
Wow!
jorsch 29.08.2013 - 12:17
Merci Bob76, och fir de Fav.!
gogo 26.08.2013 - 23:23
Wow, dei ass der echt gelongen!
jorsch 29.08.2013 - 12:18
Och dir 2x Merci gesot, gogo!
ToPo 26.08.2013 - 23:48
Super, Flou a Faarwen gefaalen! smile
jorsch 29.08.2013 - 12:18
Freet mech ëmmer wa se dir gefält! Merci och fir de Fav.!
ToPo 29.08.2013 - 22:07
Gaer geschitt! smile
TC 28.08.2013 - 09:41
Super di doten jorsch!
jorsch 29.08.2013 - 12:19
Merci TC, och fir de Fav.!
Paul-H 02.09.2013 - 00:11
Et huet baal MISSEN d'WF gin ! Gratuléieren !
jorsch 07.09.2013 - 21:41
Merci Paul-H, däi Kommentar freet mech!
Pit 02.09.2013 - 10:00
Gudd Idee tip top emgesaat. Dat ass den Virdeel vun der digitaler Fotografie, do ass et egal, obs de hernoo vill Biller eweg geheien muss smile
jorsch 07.09.2013 - 21:43
Merci gesot, Pit!
Jo, bei der digitaler Fotografie kanns de roueg drop lass experimentéieren, fréier wier dat vill ze deier ginn!
gemu 02.09.2013 - 10:26
Gratuléieren dir fir di verdengten d'Wochenfoto, een Beweis daat een och op den bëllegen Stéiplaazen hannen am Zuch net verstouss ass closed_eye
jorsch 07.09.2013 - 21:43
smile
Merci, fir de Kommentar an de Fav.!
Schluck 02.09.2013 - 15:42
Congrat jorsch ! Eng wuel verdengten Wochenfoto .. woar bestëmmt mol rëm eng Kéier Enk ginn wëll ët woaren ee puer s..gudder drënner dëss Woch.
jorsch 07.09.2013 - 21:46
Merci Schluck.
Ech wonnere mech och, datt dës speziell Foto et gepackt huet, ech hätt aner Biller och gutt op dëser Plaz gesinn!
Nicon07 02.09.2013 - 18:50
Mega!

Et kéint een och mengen, du häss dem Lokführer iwwert d'Schëller gekuckt. D'Richtung, wéi een séch den Zuch viirstellt ass hei subjektiv. Gudd gemaach!
jorsch 07.09.2013 - 21:47
Merci Nicon07.
Bei Lokführer hunn ech leider keen Zougang, dem Bild ass et awer egal.
marker 02.09.2013 - 21:34
Dat do ass ganz grousse Kino jorsch, a fir mech ee Fav..!!
jorsch 07.09.2013 - 21:48
Freeë mech iwwert de Kommentar an de Fav., marker!
Maimonides 02.09.2013 - 23:58
Top-Foto, jorsch,
wéinst dem Bild,
dem Titel
an dem Marcel Proust.

Meng Félicitatiounen !
jorsch 07.09.2013 - 21:49
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav.!
Keup 03.09.2013 - 09:45
Wierklech net schlecht deng Photo.
jorsch 07.09.2013 - 21:50
Merci Keup, freet mech!
suraki 05.09.2013 - 10:17
gratuléieren, gefëllt mer richteg gutt ... speziell gutt ! smile
jorsch 07.09.2013 - 21:50
Merci suraki, dat freet mech!
jorsch 07.09.2013 - 21:39
Entschëllegt, datt et esou laang gedauert huet, bis ech äntwerten, mä ech war elo eng Woch fort an och komplett offline! ( och e Genoss! smile )
Ech freeë mech fir d'Foto vun der Woch, besonnesch well dës Foto e bëssen méi suggestiv an experimentell ass an ech net genau wousst, op dat gefält oder net.
Merci fir déi vill léif Kommentarer a Favoriten, dat motivéiert weider ze sichen a auszeprobéieren!
Maimonides 07.09.2013 - 21:54
Déi Biller vun deenen
een net genau weess
op dat gefällt oder net, jorsch,
si meestens di interessanst.
TT 26.10.2014 - 10:16
do hues de eng super Foto ronnbruecht kanns de Cfl op e Kalënner verkafen. bravo tt
jorsch 26.10.2014 - 17:03
Merci TT.
Ass villäicht e bëssen abstrakt fir en CFLs-Kalenner, keen Zichelchen drop! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 229 Gäscht online