Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Why me?

 
All Fotoen an dëser Serie:
38198 Thumbnail
38199 Thumbnail
Why me?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.09.2013
  • Gekuckt:
    22240
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74637]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu mega Chance am Liewen... ech sin deen houfrege Besëtzer vun enger D600 ouni Sensorproblem. Scho bal 7.900 Fotoen an nach ëmmer clean. Wat sin ech happy! :-(

Do hëlleft et och net, datt den 200-400mm awer scharf Fotoe mécht. (cf crop vun 100%)

gi87 02.09.2013 - 20:01
Uiiii !!! Flecken an awa nach emmer net 100% Scharf.... unhappy wat en Dilema...
Nicon07 02.09.2013 - 21:40
Wéi soll se och 100% scharf gi, wann ech d'Objektiv nach ëmmer net mat der D600 kalibréiert hun? Ech sin eben een Téinert a maachen dann awer näischt... bigsmile

An de Problem mam Stëbs bei der D600 kënnt net vum Objektiv wiesselen, mais anscheinend vun engem Verschlussmechanismus, wou die giel-schwarz gespuert sollen hun. Dofir wéisst ech gären, ob den SAV vun Nikon, do dee Mechanismus ajustéiert, datt dat net méi sou häfteg ass, oder ob déi och just de Stëbs ofwëschen an ech no 4-5 Dausend Biller neess dee selwéchte Problem hun.

Canon ass jo och net schlecht (ëmmerhi war méng éischt Cam eng Canon A1), mais wéi dunn d'EOS-Serie an den 80er Joeren net sou gudd Kritike kritt huet, sin ech op Nikon ëmgeklommen an elo hun ech sou vill do investéiert... closed_eye

Komm! Mit halen dach ee vir allmol op, eis ze veräppelen. Mir wësse jo alleguerten, datt di 2 Marktführer a Fotoapparater identesch Qualitéitsgeschirr bauen, an séch hir direkt Konkurenten net vill bis guer net vun hinnen ënnerscheeden. Dofir ass dat Gestëppels amusant a witzeg, an dann huet et séch. closed_eye


Ah jo! Du weess jo awer hoffentléch, datt de Mound net scharf ze kréien ass, wéinst der atmospärescher Reverberatioun. Wat awer näischt drun ännert, datt den Tele misst ajustéiert gin, egal wéi.

gi87 02.09.2013 - 22:11
Jo me et kann net sen daste elo weilang mat engem Onkalibreierten Objektiv schaffs, Esh hätt do schon lang Handduch geschmass vir den Prais.... Mee souleus mecht Nikon mir angscht wann Esh gesin wat dei Problemer am Moment hun, de Speedlite 900 get ze Warm, Dust um D600, den D4 fokuseiert net richteg, beim D800 Af-Problemer.... asw... Se murmmeln jo schon drun dasse doweinst den D610 erausbrengen an den Speedlite SB 910...an wat machen Clienen dei problemer hun ? Esh fannen dat inakzeptabel eierlech gesot, an froen mesh wieklech wei sou eng Mark sech soueppes kann leechten !
Nicon07 02.09.2013 - 22:38
Du lees do ee Fanger an eng Wonn an du hues ganz recht. Am Moment ass Nikon net grad méi dat, virwat se hire gudde Ruf eemol kritt hun. Keng Ahnung, firwat dat sou ass... Wëllen se ze séier alles nei an aanescht maache, well se der Konkurenz ee Schratt viraus wëlle sin? Et ass op alle Fall schued, well wann ee, wéi ech, ee Verméige fir Objektiver ausgin huet, fir ebe grad mat Fullframe an héichopléisende Sensoren ze schaffen, dann dreiwe sou "Bagatelle", wéi Stëbs oder "Out-of-focus"tongueroblemer engem d'Flemm an. Méng D700 huet elo 98000 Fotoe gemaach, si huet just ee sichtbare Stëbskär am Eck, wou ech e meeschtens einfach wech cropen. Si mécht awer nach ëmmer knackeg rauscharm Biller, mais fir Ausschnëtter op A2 ze printen gin 12 Mpx net duer. Dofir d'D600.

An d'Clienten maachen och nëmmen dat, wat se kënnen... Et ass méi séier gesot wi gemaach, datt een séch wiere soll. Eng grouss franséisch Fotosillustréiert huet jo am Numm vun hiere Lieser bei Nikon gemault, mais dat hat gebonnen, bis Nikon endléch zougin huet, datt d'Problemer bei hinne leien. An da kréien d'Leit ee Contrôle vum Apparat ugebueden, mat Botzen a vläicht Reparatur... Mais wat heescht dat? Ersetzen se engem gratis den Apparat duerch een neien, dee keng Problemer mécht? Wuel kaum! A wann et déch Porto kascht fir den Apparat anzeschécken an neess zréckzekréien, wanns du de Pak assuréiere muss, dann hues de schon d'Flemm wann et ugeet. Stell dir vir, du gëss di Suen aus, an däin Apparat ass net an der Rei, wann en dann no Wochen neess doheem ukënnt! Schécks du en dann nach eemol an? Fiers du op Bréissel bei den SAV? (Dat kascht jo awer och) Oder geess du bei ee Revenduer hei zu Lëtzebuerg, bei deems du den Apparat net kaaft hues, well en am I-net e puer honnert € méi bëlleg war, fir vun deem en déckt Ouer gemaach ze kréien?
An dann, - dat ass jo dat perfidst - et hun ni all d'Leit dee selwéchte Problem, et ass ëmmer een dobäi, dee seet: Ech kann net kloen, ech hu kee Problem... , an da kanns du de Protest schon sou gudd wéi vergiessen. Ech war schon um Punkt, fir d'D600 op eegene Risiko ze botzen an dann als Reserve an de Schaf ze stellen a mir amplaaz eng D7100 ze kaafen...
Schluck 03.09.2013 - 09:39
Ech bewonneren deng Gedold .. ech géif dat do nët sou lang matmachen. Ech hat och deen 400 f2/8 mat Problemer ...Hunn ënn 2x angescheckt an dun woar ët an der Réih. Den M. ass absolut keng Hëllef gewiercht an ech wert nie méi ee Fouss an den Buttek setzen!
Nicon07 03.09.2013 - 10:00
Et huet näischt mat Gedold ze din, et huet domadder ze din, datt ech keng Loscht hu, mäi Material via d'Post oder soss ee Kuréier durch d'Weltgeschicht ze schécken. Du weess jo selwer, wéi grouss a schwéier sou Dénger sin. So mir ee SAV hei zu Lëtzebuerg, wou ech ka mam Auto oder mam Bus an d'Geschäft ka fueren, an haut nach gin ech dohinner.
Schluck 03.09.2013 - 10:03
Ech kann der nëmmen den CK ëmfehlen .. si hunn mir immens vill gehollef fir déi Saach an d'Réih ze kréien.
Nicon07 03.09.2013 - 10:48
Schéck mir eng PN mat hirer Adress, wann ech gelifft. Dann telefonéieren ech mol duer.


Merci
Schluck 03.09.2013 - 11:12
Majo gaer:

http://www.ck-online.lu/ck-image

Kanns och roueg soen dass de mech an den Gianni kënns, mir sinn allenzwee gudd Clientën do.

352 54 21 24
Nicon07 03.09.2013 - 23:32
Super! merci villmols!

N.
galileo 02.09.2013 - 20:04
Autsch...mee am Crop muss do jo just nach 3mol stempelen closed_eye

Mech wonnert datt do nach näischt méi efficaces um Marché ass fir dem Problem do aus de Féiss ze kommen. T'ass wierklech lästeg.
gi87 02.09.2013 - 20:07
Dach eng Canon kaafen bigsmile Esh hat un eng ieriss gedeucht dei virun da Bajonett stzt an dei Reicht op gief goen soubal Objektiv drun vir vir deen Steppsproblem ze minimeieren... smile
galileo 02.09.2013 - 20:45
Naja, hu scho laang Canon, mee trotzdem awer och ëmmer erem Stëtongues, den nët erofgeet mat dem Gewibbels closed_eye

gi87 02.09.2013 - 21:16
Pinsel raus, an Go, dann muss en botzen dann gedet och fort ! Benotzen Sensorswabs an Visibile Dust Produien vir meng Capteuren Proper ze haalen... an dat klappt gud, emplus speurt en vill Geld, an den Apparat heut en och Direkt erem, an et ass en 100% secher das gebotzt gouf, net wei wann en Camera bei de Service schekt an de Sensor gesait nach selwecht verdrect aus ewei virdrun an muss 50€ dofir bezeulen !!!
Dofir heulen esh emmer main Botzgeschier mat an all Vakanz, an sen secher dass Esh muss keng 1000 Biller mat Flecken machen... An esou empfindlech ass e Sonsor och nees net closed_eye
gemu 02.09.2013 - 20:16
Bass de sécher dat daat keng Ozonlächer sin an et guer keen Sensorproblem ass closed_eye (P.S Meng elo net ech géing am s.a.v. bei Nikon schaffen)

Waat e Pech dat et ausgerechnet dech getraff huet, all déi aaner sin déck onzefridden
Nicon07 02.09.2013 - 21:42
Nee, Georges, dat sin déi kleng schwarz Lächer, déi et anscheinend iwwerall an eisem Sonnsystem an am Universum gët... closed_eye
gogo 02.09.2013 - 20:50
Sou krass Flecken hat ech zwar nach nie, hat mer awer eng keier bei ebay sou sensor swabs kaaf, ass dann sou een nassen pinsel mat dems de eng keier lenks an duerno riets driwwer fiers an duerno alles gudd ass.
Nicon07 02.09.2013 - 21:49
Dat hun ech bei der D70 an der D80 gemaach, wéi déi schon aal waren, an ech et verkraaft hätt, wann ech de sensor gefëmmt hätt. Mais bei enger fonkelneier D600, wou nach Garantie drop ass, fummelen ech léiwer net drun ërëm. Just: Fir di saach op Bxl bei de SAV ze schécke, misst ech een assuréierte Colis maachen, an da fir de Retour vum Apparat de Poro bezuelen. Da gët et awer eng deier, och wann d'Botzen op Garantie geet.

Hei ee Link op Nikon.de!

https://nikoneurope-de.custhelp.com/app/answers/de...
BlackLizzard 02.09.2013 - 21:48
Déi Flecken hun ech och eréischt kënnen geléiert wéi ech bei Nikon (D3) gewiesselt hun.

Virdrun hun ech mat Olympus E-1 an E-3 fotograféiert an do war Stëbs um Sensor nie e Problem. Schliesslech huet Olympus de Sensor Botzmechanismus als éischt mat der E-1 2003 agefouert.

D' Foto fannen ech ofgesinn vun de Flecken allerdings gut.

PS. Vläicht sin et jo och keng Flecken mä Klingonen. smile
Nicon07 02.09.2013 - 21:50
Klingonen? Et ass méigléch.

Oder awer Brandspuere vun de Laserschwerter vu Skywalker an friends... closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 543 Gäscht online