Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Chevy

 
Chevy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2013
  • Gekuckt:
    10361
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/160s
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    135mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1300x719
  • Späicherplaz:
    737 KB
  • Originaldatum:
    August 2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Sigma 70-300
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74857]
Kommentar vum Fotograf:
Eng wonnerschéin, gudd erhaalen Maschin, gesin zu Éinen op der Musel.
Jean-Jos 12.09.2013 - 22:12
Herrlech, dat do ass fir mech e super Sujet fir a sw!
Ech géing plaazeweis e bëssen ofwedele, wéi mir fréier an der Dunkelkammer gesoot hun.
Paul-H 13.09.2013 - 09:16
Merci Jean-Jos!
Daat mam ofwedele mus de mer nach erklären... ?
Jean-Jos 14.09.2013 - 13:48
Du konns an der Dunkelkanner partiell ofwedelen (also verschidde Plaaze manner lang beliichten) oder nobeliichten (also aner Plaaze méi lanng beliichten.
Dat 1. hat als Konsequenz, datt deen Deel méi hell gouf (an dat ass dat, wat ech bei déngem Bild op den Autopartien mer kéint gutt virstellen) an dat 2. hat als Konsequenz, datt et méi däischter gouf (an dat wär beim Bësch am HG nët esou falsch hei - allerdéng am sw méi efficace denken ech- wëll dann déi verschidden hell Partien nët oflenke géifen).
Summa summarum: fréier gouf nët wesentléch anescht geschafft, wéi haut am Photoshop...
Paul-H 16.09.2013 - 07:03
Et Voilà....., Merci fir deng Hellef !

Chevy (SW)
micky-maus 12.09.2013 - 22:39
Lieblingsmotif Paul, fier mech emol.
Ett ass immens schweier een daischteren Auto ze fotografeiern, besonnech hei mat daischterem Hannergrond. Probeier mol op manst den Chrom an Scheinwerfer selektif opzehellen, dann kriss Du een gaanz groussen Ennerscheed, watt gudd wäer well den " Bel Air " ass ett wäert.
Schein Foto. smile
Paul-H 13.09.2013 - 09:15
Merci villmos!
Jo, lo sou op den zweeten Blèck... zumindest d'Scheinwerfer kéinten e bessen méi helligkeet verdroen, ech versichen daat mol den Owend. Wann ech d'Foto net soll ersetzen dann ass et derniewt gaangen... smile
Paul-H 16.09.2013 - 07:03
Hei ass dann eng nei Versioun ...

Chevy (SW)
MsJarryman 12.09.2013 - 23:01
Wann en net grad e Ps Expert ass, huet en emmer de Problem, dat alles sech am donkelen Auto erem spiggelt. (Hun dat och mat eisem Chevy) Brengt do e Polfilter eppes? Op alle Fall, Chevy, flott gesin.
Paul-H 13.09.2013 - 09:12
Merci villmols. Ok, mee graad d'Spiggelungen hun mer gudd gefall, trotzdeem vläie bessen vill, deng iddi mam Polfilter ass vleit guer net sou oofwegeg...., misst een mol eng Kéier probéieren.
Maimonides 12.09.2013 - 23:04
Fir mech, Paul-H,
ass di do genau esou
wéi se soll sin:

eng Iwerraschung,
En "deus ex machina",
wi den Tarzan am Urwald.
Paul-H 13.09.2013 - 09:12
Merci Maimonides ! Schéin gesoot daat doten ! smile
BlackLizzard 14.09.2013 - 21:41
Schéin.

Elo nach am Schwarz-Wäiss dann ass se perfekt.
Paul-H 16.09.2013 - 07:02
Et voilà..

Chevy (SW)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 529 Gäscht online