Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Waat awer am Wuert PONT ...

 
Waat awer am Wuert PONT ...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.04.2014
  • Gekuckt:
    68300
  • Favoriten:
    16 (Wen?)
  • Kommentarer:
    74
  • Beliichtungszäit:
    121 sec
  • Blend:
    f:8
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    111 KB
  • Originaldatum:
    03/2014
  • Fotoapparat:
    canon 6D
  • Programm:
    Bulb (Canon)
  • Objektiv:
    16-35
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78086]
Kommentar vum Fotograf:
... esou stecht ...
Mir gebrauchen mei oft d'Wuert "Brëck" fir eppes aneschters auszedrecken als de Wee iwert eppes...
Metaphoresch...

Raymond82 25.04.2014 - 18:10
wau gefällt maa mega
gtaddei1 25.04.2014 - 20:24
Merci fir de Mega
GONNER 25.04.2014 - 18:58
Super Foto
gtaddei1 25.04.2014 - 20:23
Merci villmols
Miau 25.04.2014 - 19:57
fir mech d'Foto vun der Woch..
gtaddei1 25.04.2014 - 20:23
Merci fir de Kompliment... Wierklech...
marker 25.04.2014 - 20:30
..idem. Miau, ..däi Bild gefällt mir exzellent gtaddei1 an as denken ech net ze toppen..
..natierlech ee Favorit fir a meng Samlung..!!
gtaddei1 25.04.2014 - 21:12
Merci dass du se an dein Album geholl hues...
A propos toppen, ... , ass no menger Meenung net néidesch... well et eben eng Gefillsaffaer ass...
De fait dass des dir gefall huet an dir dozou bruet huet se an deng Kollektioun ze saven an des WIEDER dobai ze schreiwen , fannen ech dass et der Waert waar 1 Woch drun geschafft ze hun...
Merci 1000 x
mischii 25.04.2014 - 20:36
Wooow, als Bréckefan sinn ech do ganz ewech
gtaddei1 25.04.2014 - 21:09
Sin wierklech frou dass sie dir gefaellt... net well se vill Zait gekascht huet (fir d'Bea, asw asw ) , mé wells net nemmen d'Breck matdeelt ...
gagapix 25.04.2014 - 21:01
Ech machen t'nächst Woch den 2n Mai t'Bréck!

Et kann een och soen, Gennaro, t'Brécke sin de Misère vun der Menschheet.
Mir wellen emmer den einfachsten an schnellste Wee huelen,
An duerno sin mer rosen driwer dat et sou schnell gaang as, a mir naischt erlierft hun.
Sou si mer...
Dei do Bréck as allerdengs e Kado fier eis, wei du eis se hei présenteiers.
gtaddei1 25.04.2014 - 21:08
Marco ... deng Wieder sin wierklech flott ... an daat soen ech mat grousser Eierlechkeet (dei mech kennen wessen dass ech d'Hypocrisie net onbedengt ennerstetzen smile )
Ech denken oft um "Iwerbrecken" ... wei oft mussen mir eppes iwerbrecken ... driwer kommen an "iwerliewen"... oder dourno besser liewen ... waat ass dann de contraire vun "iwerbrecken"?

Merci villmols Marco
gagapix 25.04.2014 - 23:15
Hei an elo.
kokopelli 25.04.2014 - 23:50
Schuëd dass et keen "Like" Knätonguechen hei gët, soss wieren 2 "Liken" hei fällëg.Top Foto.
gtaddei1 26.04.2014 - 10:12
Oh ... de Komment ass vill mei waert ewei een Like !
kokopelli 26.04.2014 - 11:14
Liken waren fir déi 2 Kommenter vun Dir a vum Marco,fir d'Foto mist et een Knätonguechen am "Superlativ" gin
gtaddei1 26.04.2014 - 11:19
ah merde ... haat daat net verstaanen ... pardon...
Oh ech hun all meng bescht Komments op mengen Fotoen gesammelt an waert dei gebrauchen fir e fotobuch ze maachen... smile
JADE 26.04.2014 - 12:18
sériö?? ...
dann daerf ech jo sëcher nët méi "ët richt bis heihinner" schreiwen!!??!!

obwuel ët hei och erëm den Fall ass!

ech hun eben eng gutt Nues, eng sensibel closed_eye
(--> je suis née nez ... et non pas ****, n'est-ce pas? bigsmile bigsmile )
gtaddei1 26.04.2014 - 13:32
Selektioneiert Jade... .... smile smile
Glew mir ... de kommentbuch ass vill vill besser ewei de Fotobuch...
JADE 26.04.2014 - 14:08
jo, voilà ... matt esou Comments kann ech jo nie fir dain Kommentbuch selektionnéiert gin ... awer daat wier mir eng Éier

hmmmm, also d'Fotobuch ass bestëmmt nët hannendrun ...
gtaddei1 26.04.2014 - 15:25
See och he-lx ... Asw ...
Mengste net dass esou e buch der waert wier...
JADE 26.04.2014 - 15:40
oh dach!! ech fannen daat eng immens Idee, wierklech .. fréen mech schon dran ze bliederen, wann ët och wierklech gemach gëtt

an zu He-Lx and others ... jo, alt erëm eng Konscht déi ech bewonneren
gtaddei1 26.04.2014 - 15:46
Jo mee deng Prise De Position sin awer OCH mei ewei supae!!!
JADE 26.04.2014 - 22:02
oh si peu, je t'assure ...
gtaddei1 26.04.2014 - 22:48
Exces d'humilté... N'est-ce pas???
JADE 26.04.2014 - 23:05
non, ben non, excès de réalisme smile smile

bon, wéini gin mir zu e puer iessen?
daat Getipps hei bréngt saudades matt sech smile
gtaddei1 27.04.2014 - 09:26
Wann dir wellt!!! Sin nit do vum 2-10 mai , duerno nees voll dispo ( travail permettant!!!)
jorsch 25.04.2014 - 21:34
Fantastesch!
Deng Laangzäitbeliichtungsbiller mat surrealisteschem Touch gefale mir ëmmer erëm exzellent.
gtaddei1 26.04.2014 - 10:11
Merci villmols ... Probeieren alt en neien Stil aus... nach lang net um Wupp vun der Experienz unkomm smile
Mactoner 25.04.2014 - 22:21
Super B&W an superbe post treatment.
Ech si e grouss fan dovun.
gtaddei1 26.04.2014 - 10:10
Merci villmols...
Fuuss 25.04.2014 - 23:45
D'Prëck (sorry, daat ass Eechternoacher) an den Horizont: déi éenzeg Fixpunkten an dësem "düster" surreale (Bild) Wierk ... an de Bléck bleiwt droan hénken!
P.S.: wou stéet d'Prëck?
gtaddei1 26.04.2014 - 10:10
Merci villmols ... D'Preck steet bei Rotterdam... Mé d'Roud Breck ass grad esou schein
micky-maus 26.04.2014 - 08:08
Booahh, Eenzecharteg Deng Fotoen hei op PG.
Du schreiws ennen Du häss eng Woch unn Deser geschafft ?
Hunn null Ahnung iwwert dess Teschnick vunn Fotografie ann geif mech awer interesseieren ewei esou eng Foto realiseiert gett... Vunn der Prise bis zur Entwecklung.... Gett ett doo irgendwou een Tutorial wou een daat kann noliesen ?

Fier den Rescht drecken Daumen fier WF, ett wäer verdingt, net nemmen weint däer viller Aerbecht, awer och Opbau, s/w, sinn mega smile
gtaddei1 26.04.2014 - 10:09
Et ass den Fineart BW architecture style an der Langer Pose (LB)

Um Web fennste vill tutorials Sich ennert Tjintjelaar (fir mech dé beschten mat e puer anerer... ) mé wichtesch ass et net no ze maachen ... an desem Tip vun Foto ass et jo net de Sujet deen zielt mé d'Luucht an wei een d'Luucht gesait dei een mamm Fotoapparat opgefangen huet...
Et ass keng Doku oder Architektur Fotografie ... et ass eng art Surreal Foto
ornitho 26.04.2014 - 10:30
Excellent dein Bild an allen hinsichten, an weiste schon dem mickymaus geschriwen heus, hei ass Belichtung, Lucht dei Bild mescht.
gtaddei1 26.04.2014 - 11:09
Den Sujet ass just en Support ... d'Luucht muss sech jo iergedwei spiggelen...

gtaddei1 26.04.2014 - 11:09
Den Sujet ass just en Support ... d'Luucht muss sech jo iergedwei spiggelen...

ZerberuZ 26.04.2014 - 13:25
Gennaro ... do ass nach en liiten Banding dran smile
Mais soss gudd aarbescht.
gtaddei1 26.04.2014 - 13:34
JC, et ass kee Banding Do... Also an der fullresolutioun!
Elo hai ass et meiglech... Mee gesin net vill
Merci fir d'gudd arbescht!smile
ZerberuZ 26.04.2014 - 13:35
op der klenger versioun hei gesin ech definitif en Banding oder ech sin paranoid bigsmile
Gaer geschidd scheffe closed_eye
gtaddei1 26.04.2014 - 14:34
Jo... Paranoid... De banding banded dech och wann et nit do ass smile
Jo e bessi knippsen goen??? Haat laeschte sonnden en injekterproblem smile
ZerberuZ 26.04.2014 - 18:54
ahsou wollt dein drucker net mei ? soll ech der main leinen bigsmile
gtaddei1 26.04.2014 - 22:02
Jidderengem seng!!! unhappy
ZerberuZ 27.04.2014 - 09:46
? ?
gtaddei1 27.04.2014 - 10:07
Du hues net verstaan ... ech eklaeren dir daat ... smile
ZerberuZ 28.04.2014 - 12:52
Dann gratuleieren ehc emol zur Wochenfoto smile .. schon erem bigsmile
gtaddei1 28.04.2014 - 16:37
get et langweilech??? Na ja et fehlen mir 7 faven dann hun ech dei beleifsten foto ... smile
ZerberuZ 12.05.2014 - 22:53
nemmen 7 bigsmile dann muss ech kucken op ech se schon gefavt hun bigsmile
gtaddei1 12.05.2014 - 23:09
-6 ...
He-Lx 26.04.2014 - 14:46
Eng starr Konstruktioun verbënd eppes Onbekanntes mat eppes Onendlechem. Plazen um UNfank an um Enn déi mir nëmmen imaginéire kënnen. Statesch Féiss am onfaassbaare Waasser, am onfaassbaren Himmel. Vergangenheet an Zukunft, woubäi dat Vergaangent méi Grouss erschengt an d'Zukunft méi kleng a méi onsécher. Dat wat ze Efraassen am Moment ass hell, dat anert däischter, vläicht vergiess oder nach net erkennbar. Däin Bild huet metaphysesche Charakter an ass net nëmmen eng Foto, ma et ass gläichzäiteg eng Geschicht.
BG Henri
gtaddei1 26.04.2014 - 15:26
Soen dir wierklech villmols merci... Am fong ass et waat ech do cersichen auszedrecken...
JohnJ 26.04.2014 - 17:17
Alles gesoot
gtaddei1 27.04.2014 - 10:11
smile
gemu 26.04.2014 - 18:13
Waat eng grandios Aarbecht, onendlech schéin, di Bréck ass een passage an eng aaner, mystesch, dimensioun, gratuléieren smile
gtaddei1 27.04.2014 - 10:11
Merci villmols ... smile
bac 27.04.2014 - 18:19
Oh freck wei schéin. Ech war mer déi Breck och ukucken ett ass der Waert
gtaddei1 27.04.2014 - 20:14
se ass just 1000x1000 mol geknippst gin... an et ass wouer dass se suggestiv ass.
Paul-H 28.04.2014 - 00:10
Gratuléieren zur WF. Des Woch war et schon am Virfeld zimlech kloer dass et des géif gin. Si ass einfach immens.
gtaddei1 28.04.2014 - 16:36
merci... smile
JADE 28.04.2014 - 00:17
ohaaaa! smile
gtaddei1 28.04.2014 - 16:36
Kuku...
GONNER 28.04.2014 - 06:46
Gratuléieren super Foto
gtaddei1 28.04.2014 - 16:36
merci villmols...
Jean-Marie 28.04.2014 - 19:15
supper Foto
Gratulatioun fir WF
gtaddei1 28.04.2014 - 21:35
merci... mei hun ech net mei ze soen... Krut nemmen komplimenter ... smile
gtaddei1 28.04.2014 - 21:35
merci... mei hun ech net mei ze soen... Krut nemmen komplimenter ... smile
Zora 28.04.2014 - 21:42
Verdengten Wochenfoto, bravoclosed_eye
gtaddei1 03.05.2014 - 22:59
merci...
rosch2014 06.05.2014 - 08:21
Super di Doten. Gratulatioun vir d'Wochenfoto.
gtaddei1 06.05.2014 - 08:52
Merci villmols!
FraSi 13.05.2014 - 20:42
Fantastische Bildgestaltung, Grauwerte - und LZB!!!
gtaddei1 17.05.2014 - 14:08
danke vielmals!!!
VinceM 25.06.2014 - 11:42
den absoluten hummer !!! top smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 338 Gäscht online