Ech fannen dat doten e gelongene Portrait, schéin ofgesaat an awer kann ee sech virstelle wou et ass.
Ech froe mech just, obs de nët och nach riets e bësse schneide solls direkt hannert dem Ouer, da geet zwar déi flott Trëtz drop, awer et géif déngem Usaatz vum 'cut' méi gerecht gin (adg, ech weess).
Hunn den Cadrage mol sou probéiert wéis du virgeschloen hues, mee fannen net dat et vill ännert ausser evtl d'Bild méi zweezedeelen well riets d'Repetitioun vum Hg feelt. Click
T'ass effektiv kee rieségen Ënnerscheed, fannen et awer 'eng Grimmel' méi stëmmeg an der neier Versioun. Den HG ass an der 1. Versioun eigentlech onbedeitend riets, op deen brauchs de nët vill Rücksicht ze huelen.
Merci, datt's du drop agange bass!