Ganz flott! Dat engt as eng Foto vun enger Kapell, dat aanert eng vun enger Landschaft mat enger Kapell, watt mer iwrigens besser gefällt. Mé dat as eng Affäre de goût.
Eng aaner Foto, an dofir net ze vergläiche mat där aus dem Hierscht. An awer! och di heiten ass eng super Foto. An ech widderhuele méch... ech wéilt elo di iwwernäxt Woch dierfen dohinner, mais et ass nach net eriwwer, a wéi et schingt, dauert et nach e bëssi... Egal! D'Welt geet nach net ënner, och dës Kéier net mat Corona. A wann et dann net aanescht geet, da siche mir alt an eisen Archiver no schéinen Fotoe fir hei ze weisen...
Jo, do ass se, et huet zwar ëρρes gedauert, mäi versprach ass versprach
D'Welt geet sécherlech nach net ënner, a mat e bësse Gedold kréie mir och déi aktuell sch.... Situatioun irgendwéi iwwerbréckt an et kommen nees besser Zäiten.
Merci Nico fir däi Kommentar, ..an dës zwou Opnahmen si vum spéiden Hierscht 2019, an esou betruecht och schonn aus dem Archiv.
Ech schléisse mech dem Nicon07 un, di zwou si bal net ze verglächen, de BeP huet et och ganz treffend formuléiert. Jiddenfalls gefällt se mer och excellent, wann e choix awer misst machen wahrscheinlech di 1. wëll bei der 2. geet de Bléck lënks uwen am Eck eraus an op der 1. blweit en am Dall méi lang hänken, wéi gesot ass a.d.g
Dat de Bléck bei dëser Foto éischter aus dem Eck eraus guidéiert gëtt war mir emol net esou bewosst, dat hues du gutt erkannt. Dofir Merci gesot Georges fir deng Bildanalys, an dat dëst Bild dech ebenfalls usprécht freet mech natierlech.