zu Fouss vum Gütsch laanscht de Luterséi op de Schneehuenerstock rop uewen iwwert dem Oberalppass. Di läscht Héichtemeter ass et, wéi wann een um Mound ënnerwee wier, just nach Steng a Stëbs.
Ech war frou, datt et net just knallbloen Himmel war an datt vereenzelt Wolleken eriwwergezu sin. Dat ass dann ëmmer spektakulär an de Bierger, wann een do mat Liicht a Schied spille kann.
Flott wéi d'Diagonal vum Virgonn sech op den Bierger widderhëlt. Den Virgrond as an mengen An awer ze dominant an och den Iwwergang zum Hannergrond kéint mei Kontrast verdroen.
Ech perséinlech hätt den mei hellen Bierg méi an Szene gesaat andeems ech anescht gecroppt hätt.
Interssant a pertinent Remarque, Mike. Mais dat doten ass elo "eng schlamm Geess". Ech ka jo mol probéieren, ob ech den Original nei verschaffen an dann den Ausschnët méi engk maachen, mais ob dann d'Quali net zevill drënner leid?