Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

den heemlechen Puss

den heemlechen Puss
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.10.2022
  • Gekuckt:
    8123
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    6/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    66 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1500
  • Späicherplaz:
    894 KB
  • Originaldatum:
    2022:09:05 05:53:42
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92305]
Kommentar vum Fotograf:
mecht eng Paus
Nicon07 22.10.2022 - 17:41
6 Sekonne Beliichtungszäit, da souz deen awer wirkléch gaaaanz roueg do.
tormi 22.10.2022 - 18:08
Majo, en huet jo gepaust ...
Nicon07 22.10.2022 - 19:08
A wéi enger Gässel war et da sou däischter?
tormi 22.10.2022 - 19:38
10 fier 6 war et nach an all Gässel deichter smile
Nicon07 22.10.2022 - 20:31
Mais eng LZB mécht d'Nuecht zum Daag.

Iwwregens: S7W passt hei richteg gutt an d'Kontraster gefale mir och ganz gutt esou. Kompliment fir d'Bearbéchtung.
tormi 22.10.2022 - 20:57
Merci Nico,

S7W ... hun zwar elo en Moment gebraucht ... eigentlech huet meng Fra mier verroden dass d'7 en / soll sin closed_eye
Nicon07 22.10.2022 - 22:09
Dat ass ëmmer dat selwécht mat där 7/. Dat passéiert mir an 99% vun de Fäll, an haut hat ech vergiess ze kontrolléieren. Nujee! Gutt, datts du eng eng léif an opmierksam Fra hues. closed_eye
marker 23.10.2022 - 11:59
Esou eng wénkeleg Gaass sprécht mech ëmmer nees un, zemools wa se esou wéi hei, gutt cadréiert a gekonnt an d'Bild gesat gouf.
Gutt gemach!
tormi 23.10.2022 - 16:04
Merci, freet mech.
Zu Isle sur la Sorgue fënnt een vill flott Plaatzen an Gaassen.
marker 24.10.2022 - 12:20
Genee, sou wéi praktesch iwwerall an der Provence, a wann dann nach keng Touristen um Start sinn, ..ee Genoss!
Nicon07 24.10.2022 - 15:47
An eiser Alstad sin awer och där Gässelen. Bon, d'Kaz muss een do vläicht mathuelen an dohinner setzen. Mais soss... bigsmile
tormi 24.10.2022 - 16:04
...waat keen wost ... et ass en porzelan's Puss bigsmile
Nicon07 24.10.2022 - 17:01
An deem Fall! bigsmile Dee ka jo dann och iwwerall matgoen an eng Paus maachen.
tormi 24.10.2022 - 18:01
Nee, et war schon en echten, dei Meih maachen ech mier net kleiner Scherz
Nicon07 24.10.2022 - 18:36
Keng Angscht! ech hun de Witz scho verstanen. Dofir jo debigsmile-Emoji. Mais ganz onméigléch si sou Saachen an der Konscht jo awer nit. Där Künstler gëtt et jo awer eng Parti. déi irgend een Objet mathuele fir en an all méigléche Kontexter ze plazéieren.
theom 27.10.2022 - 09:52
Do hues de recht, sin och gudd Restoen do zefannen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 403 Gäscht online