Kommentar vum Fotograf:
Den Hotel Belvedere beim Rhônegletscher gebaut virun 140 Joer plus minus a bekannt aus dem James Bond "Goldfinger" ass momentan "auf unbestimmte Zeit geschlossen". Kee Wonner, well haut huet ee jo och keng schéi Vue méi op de Gletscher, dem séng Zong lo hannert deem Fiels, ob deem ech stoung fir di heite Foto, ass a wou nach ee klägléche Rescht vun der Grott iwwreg bleift, déi awer trotz allem nach dausenden Touristen ulackelt.