Genial! Sou eng Situatioun hätt ech mir och um Phare du Four gewënscht, mais bon - et kann een nit alles hun.
Mat wat fir engem Objektiv hues du dann di Fotoen hei gemaach?
Hues du nach e bëssen nogecroped? Di Làscht kënnt mir e bësse vir, wéi wann do Vergréissrungsartefalter entstaane wieren, mais dat ass awer nit weider tragesch. Di Ganz Serie gefällt mir echt gutt.
Merci Nicon07. Freet mech dass d%u2018Serie gefällt.
Ech hat eben Chance den Dag,mee do as et ganz oft zimlëch lëfteg. Ca vaut le détour.
Ech hun do mam Zoom 80-400mm F5,6 plus dem Konverter 1,4 plus engem Stative geschafft an gekropt.
Ok! Merci fir d'Info. Dat ass jo schon eng gutt Art a Weis, fir bei déi "Phares en enfer" (dat heescht , um offene Mier) fotografesch mi no bäi ze kommen.
Ech hat nach vergiess ze schreiwen, datt bei sou Fotoen d'Verdonstung um Mier och problematesch ass. Ech hun dat selwer méi wi eemol bei ménge Fotoen erlieft, datt et onscharf gin ass, wéinst dem Geflimmers.