Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

first aid or kidnappers?

 
first aid or kidnappers?
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (30.04.2024). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.04.2024
  • Gekuckt:
    460
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    3
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    168 mm
  • ISO:
    10000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1.3333333333333 EV
  • Gréisst:
    1800x1800
  • Späicherplaz:
    921 KB
  • Originaldatum:
    2024:03:05 17:57:05
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=93151]
Kommentar vum Fotograf:
eng Szene wéi aus engem Krimi oder wéi virum Sperrmüll
Nicon07 30.04.2024 - 16:12
Ech reege méch ëmmer driwwer op, wann op engem aanere Fotosite, wéi PG, Leit mir Kommentarer maache, wou se ganz genee beschreiwe, wat jidereen selwer op der Foto ka gesin an se dann och nach den Titel vu ménger Foto paraphraséieren. A fir datt ech lo nit dat selwécht hei maache, muss ech gutt oppasse, wéi ech méng Gedanken hei formuléieren: smile

Déng Foto hei huet, fir méch, eng ganz Rëtsch fotografesch Qualitéiten, déi zu engem groussen Deel op de Standards vun der Streetfotografie berouen. 1) Schwarzwäiss ass hei obligatoresch. 2) Parallelismen a Redundanzen (laange Mantel, Gläichschrëtt, hell-däischter-Kontrast.
3) Bildopbau mat Dräieck Lénksen Arm-Kaepp-Been vun der Popp.

Bon, fir den Hannergrond kanns du näischt, awer deen ass e bëssen zevill scharf a "wuseléch" a stéiert virun allem an der rechter Bildhalschent. Do trëfft et séch da gutt, datt do di Nummer an "3e étage" steet. Sou stellen ech mir vir, di Damme géingen hiren "Typ" do duerch een schmuelt Trapenhaus (hannert der Diir an der Mëtt vun der Foto) bis op den 3. Stack droen...
tormi 30.04.2024 - 19:45
Natiirlech probéieren ech mech un e puer Reegelen ze haalen. Hun mech och e bessi an daat Thema aglies, hun meng Favoriten, schlussendlech maachen ech eng Photo op der Strooss awer spontan. An desem Fall war et och nees sportlech.
Ech hun vun Weitem gesinn ewei dei Popp eraus op d'Gaass bruecht gouf, si ass do nieft engem Baam einfach op den Buedem geluecht gin. Chic, hun ech geduecht daat get en Cliché. D'Astellungen goufen gemaacht eng Positrioun gesicht (mat den Kneien um Buedem) awer ier ech serieux cadréieren konnt koum dei Joffer ouni Mutz an huet dei Popp geholl an ass gaangen. Eyy, hun ech geduecht daat ass Kidnapping ... dun awer direkt opgesprongen (hahahaha ...autsch) an ofgrdreckt fier den Corpus Delikti am Bild festzehaalen.
Dass d'Madamen am Gleichschrett mat engem schwarzen Mantel ennerwee waren ass rengen Zoufall, passend dozou koum nach dei "Gangstermutz"
Dono ass natiirlech um PC d'Photo zurechtgestutzt gin.
Doweinst maachen ech dei Art Photo eben esou gären, et wees een ni waat engem virun d'Lëns leeft.
merci fier dein Comment
Nicon07 30.04.2024 - 21:36
Jo, jo. Streetfoto ass spontan. Wann ech elo de Film entwéckelt a gescanned aus dem Labo ràemkréien, da weisen ech hei ee Street, deen ech gëschter virum "Namur" gemaach hu, vun dräi Dammen, a roud, wäiss a rosa Kleeder...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 735 Gäscht online