fier t'éischt heeschen ech dëch mol ganz haerzlech wellkommen.
Schued dass nach keen eppes hei geschriwwen huet, majo ech maachen dann einfach mol den Ufank.
Ech gesin du hues mat 135mm an f5.6 fotographéiert.
Ech ginn dofunner aus dass de Kit objektiv 18-135 benotzt hues.
Mat derer Astellung hues de di Blumm fier schéin vun den aaneren isoléiren koennen sou dass dei mei an d'Aen fällt.
Och hues de d'Blumm net ganz flatsch an d'Mëtt gesaat mais enne riets an den Eck (1/3 Regel). Daat fannen ech alles gudd Approchen.
De Wutz lenks am Bild stéiert nach bëssi, do kinnts de lo nach d'foto lenks bëssi oofschneiden fir daat weg ze kreihen, respektiv bei der nächster Kéier am Sucher kucken dass do näischt am Bild (zumols um Rand) ass daat stéiert.
Allgemeng wierkt d'Foto bëssi fade, ech denken dass et deen Dach zimmlech donkel an bewoelkt war?
Ech hoffen ech konnt der bëssi wéiderhëllefen, ech wënschen wéiderhinn vill Spaas hei an ech frëen mech dann eng weider Foto vun dier ze gesinn!
Den Ufank ass ëmmer schwiereg, an oft kritt een nët ëmmer de Feedback den een wëll oder brauch, heinsdo suguer iwwerhaapt keen Feedback. Hei gin och oft ganz gudd Fotoen einfach ënner ouni vill Kommentaren. Daat soll dëch awer net dofunner oofhaalen weiderzemaachen