Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Film vs Megapixels

 
Film vs Megapixels
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2019
  • Gekuckt:
    56781
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x1005
  • Späicherplaz:
    1210 KB
  • Originaldatum:
    2019
  • Fotoapparat:
    Leica IIIf (1956)
  • Programm:
  • Objektiv:
    Leitz 5cm f/3.5 collapsible (1957)
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:
Orangefilter

Fir anzesetzen: [pg_img=89816]
Kommentar vum Fotograf:
Eng analog Versioun vum Pier vu Blankenberge (Kodak Tri-x 400 35mm Film Negativscan)

hei di digital Versioun:

De Pier van Blankenberge
Nicon07 08.03.2019 - 15:27
Wat wëlls du heimadder weisen? ... Datt di analog technik aus de 50er Joere vum läschte Joerhonnert séch net brauch ze verstoppe virun der digitaler Fotografie vun 2019?


Ma dann hues du déi Wett gewonnen!

Dat wat zeilt ass d'Optik, deemols wéi haut. A bei Leica huet een einfach eng Valeur sûre.

gemu 08.03.2019 - 22:20
Buy Film not Megapixels ! Déi absurd course fir ëmmer méi Megapixelen huet een schon verluer wann een haut en neien Apparat mat 50 Megapixelen keeft, an dann och nach méi e perfomranten PC deen di 80 Megabyte grouss Rawbiller och zügeg kann verschaffen. Muer gehéieren se alleguer wéi di deemoleg excellent NIKON D700 Vollformat mat "nëmmen" 12 Megapixelen, den Nec plus Ultra am Rauschverhalen, zur Vergangenheet.
Nicon07 09.03.2019 - 10:42
Méng D700 huet 150 000 Ausléisunge, mindestens, an si geet nach ëmmer, an di Fotoen déi se mécht brauchen séch net ze verstoppe virun deenen vun der Z7. An egal, wat en se an den Zeitunge schreiwen... och ee Fichier an Originalgréisst mat 300dpi aus der D700 kann een ouni "Verloschter" op DIN-A2 ausdrécken. closed_eye

Ech menge, ech gi mol neess eemol mat hir op den Tour, genee wéi mat ménger Canon A1 oder Nikon F70. Ech muss just mir mol Filmer zouleeën.

Schéine WE,

Nico
marker 09.03.2019 - 11:26
Esou wéi de Nico schonns sot, deng analog Versioun brauch sech kenngeswees virun der digitaler Fotografie vun 2019 ze verspoppen, au Contraire, deen dezente Grain ass hei bei enger analoger Opnahm ee Must a brengt Liewen dran.
Ganz gutt Georges
gemu 10.03.2019 - 09:43
Merci Marc, och fir de fav
t-ren 10.03.2019 - 22:54
flott Diskusioun smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 222 Gäscht online