Mech freet et dat d'Foto gefällt.
Ech stung op engem vun deene gréissere Fielsen am Waasser wou vum Bord aus erreechbar sin, ...alles ouni naass Féiss ze kréien
Merci Rob
Richteg flott, dee 'flow', d'Faarwen, an d'Bildkompositioun.
Klenge Bémol pour mon vilain goût (dat ass awer lo Soueren op héichem Niveau ): d'Aen gi beim Kucken an de rietsen Eck gezun, wou och Waasser gefloss kënnt, awer soss am Bild näischt geschitt; ech géing et nach eng Grëtz méi harmonësch fannen, wann de rietse Steen e gutt Stéck méi ënne wär.
Jo ech wees wat's de mengs. No uewen schwenken gung net, do ass de Floss gelaf dee minimal mat um Bild ze gesi war an extrem gestéiert huet, wourop ech e puer Millimeter ewech geschnidden hun. Riets a lenks ass den Ausschnëtt esou gewielt fir déi wiéleg Blieder mat um Bild ze hun, do war net vill Choix.
Als Alternativ bléif ënnen e.v.t.l. radikal ewech schneiden an als Panorama ze weisen ???
Merci fir d'Uregung Jean-Jos, a mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
Farwen ass top, expositioun och , mee d'Bildopbau haett ech daat selwescht ewei den Jean Jos gesoot.
Desen Thema ass nie einfach dei richtech Compo ze krein.. Ech geif villeicht de Bleck mei harmonesch gestallten andeems ech eng ganz liicht vignette geif applizeieren ,,, dirigeiert op den files riets uewen
D'Propose ass gutt, effektiv, an ech hu se nei iwwerschaft, mat Vignette a gefällt mir och besser. Als Foto vun der Woch kann ech se net méi austauschen, dofir kann ee sech se awer a menger Dropbox ukucken wann een de Link (Panorama) an der Äntwert vum Jean-Jos sengem Kommentar uklickt.
Merci gtaddei1, och fir den Tip