Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Begrëff Erklärungen »» Blend / f-Wärt
 
Blend / f-Wärt
Vill Leit dei mat Fotografie ufänken wëssen nët waat d'Blend ass, an ouni richteg Erklärung ass et och net sou einfach ze verstoen an ze verhaalen waat daat ganzt op sëch huet domat. Dofier erklären ech et dann hei emol sou gudd wéi ech kann.


Waat ass d'Blend?
D'Blend ass eng Öffnung am Objektiv selwer, déi dofier zoustännech ass fier d'Luucht dei op den Sensor/Film fällt, ze doséieren. Ass d'Blend méi kleng, dann fällt manner Luucht op den Sensor. Aanescht gesoot, fier dann nach d'Foto hell genuch ze kréien muss een mat der Beliichtungszäit ropgoen, also déi méi grouss maachen, waat d'Blend méi kleng gët. (Den ISO looßen mer hei mol äus dem Spill).


f-Wärt + Objektiver
Allerdings kënnt et hei oft zu verwiesslungen: Wann d'Blend ganz grouss op ass, dann ass den f Wärt den een ugewisen kritt am klengsten! Wéi déif deen kann sin, hängt emmer vum Objektiv oof. Festbrennwäiten hun oft mei eng grouss Blend, dei gin dann als "liichtstaark" bezeechent. Tele Objektiven hun oft z.B. derbäi stoen: 70-300mm f4.0 / 5.6. Dëst bedeit dass bei 70mm dei gréisst méiglechst Blend f4 ass, an bei 300mm dann ass déi gréisst méiglech f5.6.
Waat Objektiver mei liichtstaark sin, waat se meeschtens och méi deier gin. Mee sou Objektiven erméiglechen et bei mei schlechten Liichtconditiounen emmer nach kënnen schaarf Fotoen ze maachen wei mat engem Objektiv waat net sou liichtstaark ass.


Fier méng Fotoen hei ze maachen hun ech elo iwerall mäin Canon EF 50mm f1.8 Objektiv gebräucht. Dëst ass schonn eng zimlech grouss Blend. Hei gesidd der wéi déi Blend äusgesäit, wann se zougeet:

Dëst war bei ~ f13. Waat een mam f-Wärt mei eroof geet, waat d'Blend jo mei grouss gët, d.h. d'Lach duerch daat d'Luucht geet geet méi wäit äuserneen.


Haaptasaatz vun der Verännerung vun der Blendenöffnung:
Elo awer nach en wichtegen Nieweneffekt vun der Blend:
Wann een d'Blend verännert, verännert sech och d'Schärft an der Déift vum Bild. D.h. wann dir eng Blend vun f2.8 hudd (emmer nach eng relativ grouss), dann gesidd dier en Objet am Hannergrond op der Foto vill mei onschaarf wéiwann dir als Blend f8 z.B. astellt. Waat d'Blend méi kleng gët (also den f-Wärt méi grouss), waat méi Schärft an der Déift ass. dofier hun ech dann hei emol puer Beispillsbiller gemaach fier daat ze illustréieren:

f1.8 bei 1/200s:


f2.8 bei 1/80s:


f4.5 bei 1/25s:


f7.1 bei 1/15s:


f11 bei 1/6s:


f22 bei 0,8s:



Also dier gesidd hei, 1. Waat d'Blend mei grouss gët, waat d'Beliichtung muss mei laang gin, an waat an der Déift méi Schärft ass.

Ech hoffen dass daat dann denen gehollef huet emol déi bis lo nach nët wossten waat et war.

Um Fotoapparat ass daat normalerweis AV, wann et em d'Blend geet (Also op de Knäppecher), daat steet fier "Aperture value", englesch eben fier Blendenwärt.

http://www.johny.lu
Geschriwwen vum Johny 26.04.2006, ass säit deem 25726x gekuckt ginn.
olimi 28.04.2006 - 23:17
Bon, vllt gouf et net genannt, oder hun et net verstaanen (hun allls duerchgelies)... mais bon...

Fierwaat kann ech net eng grouss bleng astellen... haiansdo kreien ech nemmen maximal 4.0, dann erem 4.5... weini kreien ech eng blend vun 2.8 usw... waat mussen doofier d'konditiounen sin?
Johny 28.04.2006 - 23:23
Ech soot awer iergent wou dass daat um Objektiv läit. Ech soot dass wann en Objektiv z.B. f4-5.6 huet, bei 70-300mm, huet een dann bei 70mm max f4 an bei 300 max f5.6. Hänkt emmer nemmen vum Objektiv oof.
olimi 29.04.2006 - 00:39
ah ok... mengen hun et lo kapeiert...
Yatsch 05.04.2010 - 14:37
Get et do och nach eng " FAuschtregel " wei een beim Änneren vun der Blend Beliichtungszeit unpasst?
BlueRic 14.09.2010 - 09:58
Pro ganz Blend kanns de deng Zait verduebelen bzw. halbéieren.

Beispill: Lucht an ISO sin fix

Blend 2.0 - 1/80 s
Blend 2.8 - 1/40 s
Blend 4.0 - 1/20 s

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 337 Gäscht online