Collage maan | |
Et gin wahrscheinlech immens fill Méiglechkeeten fir en Collage ze maachen, mee den Dan haat mech gefroot wei ech main vun der LUXGSM Trophy gemaacht hun, an dunn duercht ech mer ech kéint dann en Tutorial maachen. Eigentlech haat ech gemengt ech géif nie soueppes maan, mee d'sierf... ;-) Fänke mer also un... Ech maan eng nei Datei ob. Natiirlech ass d'Gréisst vum Bild je nodeem een well. Ech hun déi doen Gréisst gewielt well ech déi öfters fir Collagen benotzen. Daat ganzt maan ech schwaarz. Elo kennt also wéi een d'Fotoen ob d'Bild drop kritt. Ech maan also eng vun denen Fotoen op, déi ech op de Collage setzen well an wielen d'Bild mat Ctrl+A ganz un. Dann kopéiren ech d'Foto eriwwer andeems ech se einfach mam "Verschieben-Werkzeug" (V) ob deen schwaarzen Hannergrond mat der Maus zéihen. Wann d'Foto dann an senger normaler Gréisst ob dem Hannergrond drop ass, wielt der Ctrl+T an sou kann een d'Foto méi kleng oder méi grouss maachen, wei een well an se och ob déi Plaatz setzen, wou een well… Bold Remarque: Wanns de Ctrl+T gedreckt hues an d'Foto proportional glaich wells haalen dann haal d'Shift-Tast dobai gedreckt, dann bleiwt deng Foto d'selwescht. Genee daat mescht een dann mat all dene Fotoen, déi een well ob de Collage dropmaachen. Ech perséinlech hun keng besonneg Method fir d'Fotoen genee riicht mat selweschtem Oofstand niewendenee ze kreien, ech maan daat mat Aenmooss bis daat et mer gefällt. Dann kennt eng Rumm ronderem all Foto. Anhand vun den folgenden Biller weisen ech wei et geet: Daat mescht een dann bei allen Fotoen d'selwescht. Mee Bold STOP, wann een elo ganz liddreg ass, sou wei ech ;o) dann mescht een folgendes: Dir kopéiert einfach bei ärem éischten Bild den "Ebenenstil" (wou der d'Rumm schons gemaacht hudd) an fügt deen an all déi aaner Ebenen an. Dann setzt der nach wann een well een Text dobai an färdeg ass äre Collage… :o) Kritiken sin erwënscht. Ech wees net ob et elo sou ukomm ass bei iech, daat der de System och verstaanen hudd. Ech hun guer keng Aahnung… mee et war schwéier an eng gedelleg Affaire daat ganzt ze maan. Mee et huet Spaass gemaacht an ech hoffen ech konnt, haaptsächlech dem Dan, hellefen daat en och elo seng Collagen ka maachen :-) |