Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Photoshop Clouds-Filter
 
Photoshop Clouds-Filter
Et hudd een allt dachs Fotoen matt weißem, iwwerbeliichtem Himmel, wou een awer gär en bloen Himmel matt weiße Wolleken hätt.
Mee d'Foto ass doweinst nach laang net schlecht an et gett kee Grond fir ze läschen, nemme wann den Himmel weiß ass.
All Leit dei den Photoshop hun, hun en Filter fir den Himmel trotz allem rem attaraktiv an intressant ze gestalten.
Dëse Filter heescht "Clouds" an mecht eech an är Selectioun en Wollekenhimmel, deen nawwel net schlecht ausgeseit, et muss een just wëssen, wei een en handhaben soll, an doweinst ass dësen Turtorial hei.

Da leen mer mol lass:

1. Schratt: Photoshop starten an d'Foto opmaan.

Wei der gesidd, ass op dëser Foto vun Esch/Sauer den Himmel ganz kloar iwwerbeliicht. Eigentlech meisst en blo senn.
Wat mer lo aus dem Himmel raushuele kennen, gesidd der geschwenn.


2. Schratt: Faarwen wielen:

– Fir den Himmel an flotten Faarwen ze haalen, musse mer och schein, natierlech Tein hun. Ech huelen meeschtens als Hannergrondfaarw eng hell Blo (do kennt der och eng 2. Foto matt engem original bloen Himmel huelen, an matt der Pipette d'Faarw huelen) an als Vordergrundfaarw eng Weiß.

Als Foreground-Color weiß huelen, an als Background-Color hell Blo huelen. (Emgedreint gin d'Wolleken blo an den Himmel weiß. Et kann een sech also och beim Clouds-Filter amüseiren an probeiren.)


3. Schratt: Selectioun maan:

– Sou, dann wielen mer lo den Himmel aus. Am beschten geet dat matt der Baguette magique.

Sou, den Himmel ass lo relativ propper selectioneiert. Matt der Baguette magique geht dat ganz seier. Ween lo Fotoen matt vill Geäscht hudd, wou den Himmel an Stecker ass, muss natierlech all Steck vum Himmel selectioneiern. Dest hellt zwar ganz gär mei Zait weg. (Shift + Selectioneiren fir e Steck un seng selectioun beizefügen)


4. Schratt: De Filter drop maan:

– Lo den läschten Schratt. Mir maachen de Filter drop. Ass seier geschitt an geseit och gudd aus.

Den Filter ass bei Mac uewen bei de Filter -> Render -> clouds ze fannen.


5. Schratt: Gesamtwierk bestaunen:

Sou, scho se mer ferdeg. Leider ass meng Foto lo net sou fantastesch, et soll jo nemmen ee Beispill senn. Et kann een dann natierlech nach mam Kontrast, matt der Hellegkeet, matt der Saturatioun, etc. spillen, aaner Faarwen huelen,... mee dofir ass et bei mir lo ze seier gang. :-) Dir kennt eech jo lo dermatt amüseiren, der wesst jo lo wei et geet.



Vill Spaß beim ausprobeiren.
Geschriwwen vum ApplEric 10.03.2007, ass säit deem 21056x gekuckt ginn.
Johny 11.03.2007 - 03:24
Dei besser Léisung wär direkt matt engem Filter virum Objektiv ze schaffen closed_eye
ApplEric 11.03.2007 - 10:52
Da muss de mer mol sou en schenken... smile Ech muss mer lo mol en UV-Filter kaafen... Kanns mer deen natierlech och schenken. bigsmile
Paukl 12.03.2007 - 12:15
Salut Eric.
Flott Leisung fir dei t'Sorte vun Problem. Eng aaner Leisung wier, den Himmel ze selektioneieren an dann den Himmel vun enger aanerer Foto mam Befehl "in Auswahl hineinfügen" erankopeieren. Du muss just dann e besselchen mat Kontrast Hellegkeet an Co schaffen, dat den Himmel och past. En weideren Punkt wou een oppassen muss ass wanns du den Himmel selektioneiers deens du wells änneren, muss de eng soft Auswahlkante op 1 Px setzen, well soss d'Kant ze staark get.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 341 Gäscht online