Thema: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Jo Eric,
den Concours ass fir jidddereen. Kuck och héi, héi fënns dei méi détailléiert Infoën an d'Règlement vum Fotosconcours:
Concours Photo LIFE Grassland – Flyer
Concours Photo LIFE Grassland – Règlement
Falls de nach froen hues kanns de dat gäer bei der SICONA nofroen (TéL steet am Flyer)
Léif Gréiss,
Schluck
|
|
Thema: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" |
|
Nee, dat ass nët méi sou an dat hänkt och souwisou vum Concours of. All Concours huet ëmmer säin egent Réglement. Een Sensorfléck dierfs de normalerwies och stëmpelen wëll dat ass jo keen Elément vum Bild.
Ët wonnert mech lo ee bëssen dass de mer déi do Fro lo héi nach eng Kéier stells wëll genau déi do Diskussioun haaten mer dach virun 2 Méint wéi mer eis zu Esch Gaalgebierg begéint hunn... ?!
Wat elo den Concours vun der SICONA unbelaangt kanns de dat gäer bei hinnen nofroen (TéL steet am Flyer) ... ech hunn dat Réglement nët geschriwwen och wann mir den Concours als LNF matorganiséieren.
Léif Gréiss,
Schluck
|
|
Thema: Foto Klau |
|
Wonnert mech glad an guer nët .. se haaten och eng Kéier eng vun mengen Concertsbiller gedreckt an mer een Email gescheckt:
"Nous avons publié votre Photo du Groupe xxx, elle nous a bien plu"
|
|
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg |
|
Also ech sëtzen an den Buttek och ni méi ee Fouss eran. Ech hunn den Fehler gemaach an hat och bei hinnen een ganz deiert Objektiv kaaft wat ëmmer een Focusproblem hat. Vun hinnen sinn ech domat just vera...scht ginn, obwuel si et ouni Problem bis den 6. Dag hätten kënnen/missen zréck huelen hunn si dat net gemaach.
Duerno koumen 8 Méint Misär an Frust an ween mer herno gehollef huet fir dat an d'Réi ze kréien war den CK IMAGE zu Esch. Ech sinn elo zanter 4 Joer Client bei hinnen an ech sinn ëmmer zefridden. Och wann mol eppes an zwësch aneschters ee puer Euro méi Bëlleg ass kafen ech et nawell bei hinnen wëll den Service ass 1A.
Ech kann den CK IMAGE nëmmen jidderengem empfehlen an jiddereen den ech kennen schécken ech dohinner an et huet nach ni een mer gesot dass en vun hinnen enttäuscht ginn wier.
|
|
Thema: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ? |
|
Salut,
leider hunn ech dofir och keng perfekt Léisung, een All-in-One gëtt ët leider (nach) nët. Ech perseinlech schaffen net gaeren mat 2 Boitierën wëll ech d'Erfahrung gemach hunn dass de dann ëmmer grad den Falschen am Grap hues (ob den Concertën). Fir mech ass ët 24-70 an 70-200 domat décks de den gross an der Vakanz of wann's de Ënnerwee bass.
Ech huelen allerdengs ëmmer alles mat souweit ët méiglech ass.
|
|
Thema: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ? |
|
Salut, ech hat dat Objektiv och an hunn ët aus denen sëlweschten Grënn kaaft gehaat wéi's du héi sees. Dat war awer een Fehler wëll d'Quali absolut k.cke ass besonnech am Zoom.
En plus ass den Schiebezoom just nerveg an verknacht der déin Sensor. No der eischter Vakanz domat hunn ech ën dann och baal nët méi gebraucht an war frouh wéi ech ën lass war.
Ech an denger Platz géif d'Fangeren dovunn lossen.
|
|
Thema: Teleobjektiv |
|
Mam 300 f/2.8 II mëss de bestëmmt keen Fehler .. ass een Top Objectiv, immens Liicht an Handlech an schaft gutt mat den Konverterën. Den eenzegen Nodeel ass dat grousst Lach am Portemonnaie ;-)
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Woar ee coolen Owend ... ech hoffen ët huet ierch gudd gefall an géif mech fréen ee puer Biller héi um Site ze gesinn
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Am beschten Objektiver mat sou groussen Blenden wéi méiglech 3.5, 2.8 oder nach méi grouss tëschent 15 an 200mm
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Den Offlaaf vum Workshop hatech mer sou virgestallt:
- Treffen um 18:15-18:30 virun der Rockhal
- Theoretesch Einführung (Akkreditierung, Regeln, Technik usw.) beim Iessen niewendrun am Shoppingcenter.
- Prakteschen Deel um Concert (3 Songs, no flash fir all Band)
- Kuerz Analyse vun den Biller an individuell Froën tëschent den Bands
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Hoffen nët dass ech dës keier schon ërem sou krank sinn wéi d'Läscht kéier .. Bass de nees mat dobéi ?
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Salut Alko,
kanns du mer w.e.g. eng PN machen mat Numm, Virnumm an waat's de vun Matrial hues ?
Du miss dech dann och nach um officiellen Deel anschréiwwen.
Merci,
Schluck
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Dat kënnt dohier dass dat zwee Léit sinn denen ech schon méi lang verprach hat ech géif se mathuelen souball sech d'Gelegenheet ergëtt. Du bass awer rëm ganz schein wiweltzeg ;-)
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Salut alleguerten,
ech hät elo mol rëm eng keier d'Gelegenheet sou een Concertsphotographieworkshop ze organiséieren, an zwar fir d'CD-Release Show vun Heartbeat Parade an der Rockhal.
16.02.2013 Heartbeat Parade @Rockhal (Esch/Alzette)
Falls Intressi besteht wert ech ët och héi als officielen Workshop androen; ech kann awer dës Kéier just 4-6 Léit mathuelen.
Schluck
|
|
|