Gismo
Grünschnabel
Dabei seit: 01.05.2007
Beiträge: 4
|
|
Foton vun Accidenter erlabt ? |
|
Salit
Ween hurd da schon net erlirft do as irgend een Idiot ( ech hun dei Bezeechnung Idiot express gewirlt, well Leid dei mat Alk hannerd dem Steier fuhren, oder halef Starker, dei mengen se kinten mam Pappa sengem 250PS Audi vollgas gin, sin fir mech Idioten ) ob der Stroos en Accident gebaut hurd, ob licht oder schweier, Pompier Sauvtage Police, Ambulance sin dann emmer mei oder manner schell ob der Platz.
Durf een vun der ganzer Rettungsaktieun, eigentlech Foton machen, euni irgendeen dobei un der Abescht ze henneren oder as do rechtleg irgendeppes dogeint anzewennen.
P.S
Ech well hei elo keng moralech Diskusieun ausleisen, ech wollt einfach nemmen wessen wat Fakt as.
|
|
15.05.2007 01:39 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Geif ëch nie maachen,
och wann ëch soss (bal) keng Hemmongen hun,wat Streetfotoën ugéet,
mais sou äppes , do geif ëch d'Fanger wëch loossen
an ëch fannen daat och guer nët neideg.
Waat geifs du mat sou Fotoën maachen ?
Se hei weisen ?
Zwar nët.
Nu stell dir mol vir, du leis do, an iergendéen - Heini - , vir nët dein Wuert - Idiot - ze gebrauchen, sprengt do ronderëm an knipst wei en Weltméeschter ?!
(och ouni iergendéen Dokter oder Sauveteur ze hënneren !!
Née
- AUSSER -
du mëch Fotoën fir eng Zeitong
oder
fir d'Pompjéeën, Sauvetage, Croix rouge, oder soss iergendwei Rettongsdengschter ,
dei explicit drëm gebieden hun , dh. wou's du gefroot oder souguer ugestallt goufs !!
|
|
15.05.2007 08:44 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
ech sen keen afekot an kann dofir naischt zum rechtlechen soen...
ech fron mech just WEI EEN DROP KANN KOMMEN bei sou enger thematik DAAT MORALESCHT WESCHZELOSSEN!?!?
sen dermeenung et keint een winstens probeiren sou ze man wei wann mer an enger menschlecher welt liewen, wou dei moralesch Reglungen nach valeur hun an NET duesch GESETZER ersaat gin!
sry mee...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
15.05.2007 12:51 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Ech wees och net weis du, Gismo, dorob kenns dass bei praktesch all Mensch deen an en Accident verweckelt ass automatesch Alkohol am Spill ass resp. en Hallefstarken sech wollt beweisen...!? Sou kennt et op jiddefall mol riwer...
An wat reitzt dech dorun dovun Fotoen ze maachen?
Ech hun och keng Ahnung vun sou Saachen mee mengen net datt et regelrecht verbueden ass dovun Fotoen ze maachen. Mee als Hobbyfotograph giff ech et ganz einfach krank fannen.
|
|
15.05.2007 13:30 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also ech giff direkt fotoen machen goen an dei un d wort schecken
|
|
15.05.2007 14:54 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Salut
Also. Ech sin an engem Beruff, wou ech oft ob esou Plaatzen gescheckt gin. Wann ech perséinlech een derbäi erweschen, deen do wei en -Heini-, fier dem Knolles säin Äusdrock ze wielen :-) ronderem sprengt an Fotoen mecht, ob en elo hennert oder net, deen get vun mier op t'Plaatz gesaat an fortgescheckt.
Ech hun eng absolut Aversioun geint Aaferten (oder wei ass deen personifizéierten Äusdrock fier aafen?)...
Et gin zech Motiver dei een kann oofliichten, mais wann ech gelift net, wann een Liewen um Spill keint stoen. Ech soen daat, well deen Moment, wou een dei Foto mecht, wees een jo wahrscheinlech net, wei et em dei accidentéiert/blesséiert Persoun steet, äusser et huet een natierlech en Diplom an der Ferndiagnostik!!!!!
Also, Finger weg an weiderfuern!
Pelz
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
15.05.2007 15:19 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
@Pelz: top..Respekt.. ech hat fierdrun eppes getippt a wollt Antwort eratellen drecke mee hun ett awer si gelooss... Mee Vue datts du den 1ste Schratt gemaach hues well ech dech bessien ennerstetzen (meng Mam as Dokter... do kreien ech och genuch ze heiere vu sou Saachen..:S)
also...copy paste:
Meng Mehnung as sws: d'get genuch Leed op der Welt, d'gett genuch op der Tele gewisen, d'Zeitunge sin och oft voll domadder a graad doweinster hun ech eierlech gesoht keng Loscht mei eist deeglecht Liewen ze photographeiere wou d'Technik vun haut eis ett erlaabt eege Welten ze schaafen um PC... Street as relax.. do fennt een nach Scheinheet dran also eng Gretz Hoffnung datt d'Welt net su mies as wei mer oft denken an datt een a ville klenge Saachen oft eppes scheines fennt....
Mee waat helleft daat dann och schon sou Biller ze weisen? De Leit d'Aan opmaan? jo..immens.. fier 2 Minute vlaicht.. Eierlech gesoht: Da get sech rem gemitterlech un den Iessdesch gesaat an d'bluddeg Cotelette genoss... no thx... T'as wei mat der Politik: dei geht mer genau sou um Hals vorbai well eng Influenz drop hu mer sws net...
Datt ett interssant as sou eppes ze knippse vlaicht jo... ok ... mee daat as dann awer rem bessi egoistesch well ech menge ganz e Mensch mat bessi Verstand wees sws waat Rettungstruppe leeschte mussen a waat fier e Mist dei Daach fier Daach gesin also mus een daat net onbedengt als Fierwand huelen sou eppes ze photographeieren...
We can't change the world.. but we can change ourselves...
PS: gut Reportagen doriwwer gin ett der och scho mei wei genuch.... a wa mer ob de rechtleche Standpunkt kommen: ech gleewe kaum datt daat erlaabt as an ech mengen och ganz do gess du mei seier fort gescheckt weis de kucke kanns...
Ech sin un sech een ouni vill Hemmunge mee sou eppes ze woen...do keim ech mer domm, netzlos, iwwerflesseg an net ganz solidar fier... Ech drecken ob en dommen Knaeppchen, d'mecht klick wahrend aanerer sech oofkreppeieren..hmmm...
good luck...
@Laurent: eis lescht Gespreach am msn huet domadder opgehaalen datts du sohs: e Gewessen hun ech scho laang net mei ... mei soen ech lo net dozou... (Jo..ech verhaale mer sou Saachen.....)
|
|
15.05.2007 15:32 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
@Garry: True! Du hues absolut Recht!
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
15.05.2007 15:41 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
éent nach,
dir hut haut vleicht an der Zeitong gelies, dat geschter zu Klierf en Mann niewt sengem Auto emgefall as an doud war !`?
Ma ëch sin grad 2 Min. mei speit do op déen Parking kom, hun missen mam Bouf bei déen sëlweschten DR.
Ech kann iech soën, mir sin d'Schudderen den Reck rofgelaaf......... wei ëch déen Mann do um Buedem gesinn hun leien !!
Dobei woust ëch mol nach nët direkt, dat ëch déen Mann och nach geif kennen !
Daat schreiwen ëch lo , fir dem @ Black Panther op seng Umierkong - Moralescht - ze äntwerten. Ok, meng Schudderen hun nix mat Moral ze dinn, mais et as - nëmmen - Mënschlech an ëch fannen, daat sollen mir all sin, einfach nëmmen Mënschlech an wann éen daat as, denken ëch , dann as d'Moral och an der Reih.
wou keimen mir dann hin , wann iwwerall jidderéen geif Fotoën maachen, schwätzen vun Accidenter, Feier, Katastrophen etc........... jo jo, ëch wées, den Knolles, déen ëmmer Street mëcht ouni Leit ze froën asw...........
mais, ëch kennen meng Grenzen !
Där - cool - Typen, där kennen ëch genuch an ëch soën iech éent, wann ët eng Keier
haart op haart kënnt, dann géet d'Muff hinnen 1:1000 an sie gin sou kleng wei Mecken !!
Ech sin 52 Joer aal an ëch wées, wouvun ech schwätzen !
Dofir hun ëch schon vill ze vill erliewt .
|
|
15.05.2007 18:36 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Garry
@Laurent: eis lescht Gespreach am msn huet domadder opgehaalen datts du sohs: e Gewessen hun ech scho laang net mei ... mei soen ech lo net dozou... (Jo..ech verhaale mer sou Saachen.....) |
wann ech vun hinnen sou eirens hin gescheckt gin soen ech jo och net nee... waat soll daat mat gewessen ze din hun? ass eben eng seit vun informatioun an der zeitung, och wann se nemmen 2 minuten schockeiert an een aus senger rosa draamwelt wou alles gudd ass reisst, daat sin 2 minuten wou een drun denkt beim fueren opzepassen ...
|
|
15.05.2007 18:53 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Et ass jo wei den Knolles schons soot, wann et fier eng Zeitung ass, dann ass et jo an der Rei!
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
15.05.2007 19:03 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Waat Probleemer ...
éierlech.
1. Foto'en bei engem Accident: Verachten sou Mënschen, keen Gehier hannert der Stier.
2. Privat Gepséicher mussen net onbedingt an engem Forum beschwaat / geschriwwe gin
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
16.05.2007 01:05 |
|
|
Sigi_
Grünschnabel
Dabei seit: 07.06.2007
Beiträge: 1
|
|
Also kanns eierlech ech geiw et sin lossen
Ech sin Ambulancier, an bis elo huet zwar nach nie een Fotoen vun sou Platzen gemach, mee ech geiw schon soen dass een sech strofbar mescht wann een dovun Fotoen mescht.
Punkt 1.: Wanns du op sou eng Platz kënns, an et ass nach keng Ambulance oder Police do, dann muss du de Leit hëllefen, sos ass et "Unterlassene Hilfeleistung"
Punkt 2.: Wann dann Ambulance oder Police do ass, dann muss du eigentlech fort vun der Platz ausser du wärs Zeien vum Accident.
Punkt 3.: Wann e Flick ääh, Polizist dech geseit, dann kennen sie dir de Fotoapparat weg huelem.
Punkt 4.: Eierlech, wärs du frou wanns du en Accident häss, an anner Leit geiwen dovun Fotoen maachen?
|
|
07.06.2007 21:28 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Sigi_
Also kanns eierlech ech geiw et sin lossen
Ech sin Ambulancier, an bis elo huet zwar nach nie een Fotoen vun sou Platzen gemach, mee ech geiw schon soen dass een sech strofbar mescht wann een dovun Fotoen mescht.
Punkt 1.: Wanns du op sou eng Platz kënns, an et ass nach keng Ambulance oder Police do, dann muss du de Leit hëllefen, sos ass et "Unterlassene Hilfeleistung"
Punkt 2.: Wann dann Ambulance oder Police do ass, dann muss du eigentlech fort vun der Platz ausser du wärs Zeien vum Accident.
Punkt 3.: Wann e Flick ääh, Polizist dech geseit, dann kennen sie dir de Fotoapparat weg huelem.
Punkt 4.: Eierlech, wärs du frou wanns du en Accident häss, an anner Leit geiwen dovun Fotoen maachen? |
mat allem - d'accord - ausser ---- Punkt 3 !!
sou einfach géet daat och nët, oder hues du do en Gesetzestext parat ??
|
|
07.06.2007 23:00 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
@Sigi
Punkt 3: FAAAALSCH!!!!!Daat geet net sou einfach, ass awer emmer en gudden Blöff :-)
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
09.06.2007 14:11 |
|
|
|