Salut, cool ze gesinn, dat verschidde Leit vun deemols nach emmer aktiv hei sinn.
Leider ass mam Beruf Fotograf den Hobby ewech gefallen. Dat war och de Grond, dat ech hei opgehalen un. Ech probèieren dat erem e bessi zréck ze bréngen, mee do muss ech nach Deutschland schaffen.
Dat do kann ech gutt verstoen. Suguer wann d'Zäit net knapps wier, da kann ech mir virstellen, datt een no engem Daag am Studio oder op offiziellen Asätz, keng wirkléch Loscht méi huet, fir nach Fotoen als Zäitverdreif ze maachen. Du méchs dat, wéi et déch inspiréiert a mir gesin da, wat geschitt.
Merci! Mega cool, dat's du dir de Making Of ugekuckt hues. D'Bildbearbechtung alleng huet 13h gedauert. Schéin ze héieren, dat den Opwand sech gelount huet.
weis de gesais, huet sech nach net alles geännert haha ;D
majo zum Gleck setzen sech 3 persounen nach dofir an, ma dest wuel och net mei laang........mol kukn wei mer den server weider bezuelen...