hmm s/w as cool mee deng Perspektiv gefällt mir nët super , fannen dass naicht richteg an geltung kennt op der Photo...riets uewen as si mir ze donkel an lénks d'Fensteren ze hell p/r zu deenen riets...
1. zu dir kanaflu: ech fannen dass dess photo graad am ganzen ensemble d'stemmung vun esch/belval weist... düster, knaschteg, mystech, eidel an aal...
2. an mengen aaen huet hien d'photo net verstaanen .. wann ech hätt wollen een DRI maachen hätt ech daat gemaat, en pluss ass d'photo scharf, do wou se muss sin, och wann net all photo muss scharf sin...bon bis elo sidd dir dei 2 eenzeg dei naischt konnten mat der photo ufänken... ok eng photo kann net jidderengem gefaalen, an dem fall ass daat mer dann och egal...eigentlech kann ech mat kritik ganz gudd em goen, mee an desem fall hun ech den virschlaag bessi böd fonnt...
aha...nee woust effektiv nët dass printer hier Meenung matdeelen kinnten...
as mir och egal wien deng Foto gud oder schlecht fënnt! All Mënsch soll hei seng Meenung soen an daat hun ech gema...fannen du hues schon vill besserer ropgelueden an domad huet et sech...wann se dir jo gefällt an du wells keng Meenung wëssen , dann lued keng erop, su einfach as et...
dach ech hun deng meenung esou guer ganz gudd ugeholl...waar eigentlech mei deem aaner seng bemirkung dei mer net esou gefall huet...wei ech schon gesoot hun... eng photo kann net jidderengem gefaalen.. an daat ass och OK...
du hues d'foto jiddenfals iwerhaapt net verstaanen... ett geet mir net drems all detail aus der haal zeweisen, soss hätt ech och kennen bletzen an mat enger 22er Blend knipsen...
ajo, wa se hei schon amgange sin da meckeren ech coh mol digital-art as net wann een eng faarweg foto an S/W konvertéiert dat wier jo einfach. da wiere mer al altisten, well den digi-fotoapparat mecht dat och, wann een en op S/W stellt
soss beneiden ech dech, dass de op däer schéiner platz woars. ech woar nach ni bannendran:( nemme baussen! mee ech hoffen dat as nach iergendwéi méiglech mäer gefällt se bis opt perspektive guernet esou schlecht !
iergenteng 2. Kategorie hun ech missen auswielen...
bon ech hun net just s/w gemaat, mee och nach puer aaner saachen gemaat, well daat ausbrennen vun den fensteren kritt den apparat esou an dem moos nach net hin... bon d'perspektif ass eng affaire de gout!
Bei Metall a Beton hun ech zwar eigentlech léiwer eng gewëss Schärft, di dat rauht Material besser zum Virschäi bréngt, mee an dësem Fall passt dee flouen Effekt zum Thema. Eng "Märchenhöhl" di just nach an de Geschichten aus der Vergaangenheet existéiert a geschwënn ofgerappt gett.
Sou dann ennerstetzen ech lo mol bessi mäin Schwoer !!
A: Wisou sollt een eng kontrasträich Plaz, wéi dat doten eng war, well do war ech mat um Tuer, als DRI maan, daat heescht hell wéi däischter "normaliséieren"? An deser Foto as et dach Wurscht wat am däischteren verstoppt as. Wann eppes wichteges soll dra verstoppt sin, dann wier dat speziell vum Ted_Lapidus illuminéiert gin! An en plus den Titel.. Kanner, wann dir eng Kéier eng Höhl fannt, déi komplett hell an wéineg Dynamik huet wéi een DRI, dann weisst mir déi mol. Eng DRI Foto an sou engem Beräich hellt all Dynamik. Och wann et Dynamic Range Increase heescht, heescht et net datt d'Photo dono dynamesch as. Normaliséiert mol een Orchester Steck.. do as all Dynamik dono futti.
B: Wat mech bessen stéiert as d'Kessenform vun dem Raum.. Ech hätt den Plafong vläit am Photoshop riicht gezunn a bessi erausgekropt fir Breed an de Raum ze kréien. Ech kann mech awer éierlech gesoot net méi drun erenneren datt et do sollt riicht oder kromm gewiecht sin.. ech mengen e war liicht kromm.. Wéi gesoot, d'Bild kéint fir mech méi an d'Breed goen.
P.S.: @Maggele : salii mol, no enger laanger Zäit. Wéi dann du wars nach nii dobannen?? mee d'Dieren waren awer op??