Jo, D'Foto as geschnidden"geseit een jo un den pixelen dass et just een deel vum Ganzen as!
Stativ? wéi wëlls de dann och Paiperléken mat Stativ fotograféiren? as jo baal onméigleg, well déi bleiwen jo nie laang op enger Plaatz!
An waarden bis der een virun d'lëns flitt déi chance as glaich null!!!
"zouschneiden" as fir mech dat nemlecht wi "recadréiren", daat eenzegt wat ech geschnidden hun as den Datum, well deen gestéiert huet mee de Cadrage wor deen nemmlechten, duefir hun ech gesot datt Foto net zougeschnidden as
Also hun op menger Cam gekuckt do kann ech just ISO 50, 100 200 an "automatik" wielen... a bei deser wor den automatik agestallt, mee soll ech dann lo op automatik stoe loossen , oder as en aanere Wert vlait besser?
Ok merci fir den Tip dee wert ech mer verhaalen, mee des hun ech am Paiperlécksgaart zu Maacher gema, zwa och moies, mee di Déiercher hun ower wi mell geflattert, kann och sin datt et winst der héiger Loftfiischtegket sou verschwommen as, wei gesot hun just en klengen Apparat
Jo dat mam onscharf geet mer och op de Wecker... mee dat doten wor nach di "schärfsten", mee sin mei Leit wou ech kennen wou den nemlechten Apparat hun wou den nemmlechten Problem hun... mengen get Zait fir eng nei...