hehe mengn Maggele giff soen 'das blau und das gelb'
mir gefaalen dFaarwen o...och wann ech niks fir Autoen am algemengen iwresch hun...
as awa eng flott kuliss...wou basde do?
ps: do huet sech na een stöpsfläkk uewen lenks ageschlach...
Mee sou gesait daat net su professionnell aus hehe...soss mengt een ech haet do een kran gehaat... keng ahnung keint ech mol weg retoucheiren an kuken waat daat get...
Sou schlecht fannen ech se guer net, well se hei net drop ausgeluecht ass fir vill Waasser ze gesinn, mee einfach eng Kompositioun vun 3 Haaptelementer.
So waat soll daat hei? Sou eppes wëll ech net hei gesinn! "Ech hätt mer daat do 3x kënne kafen" sou à la "Ech sinn e bessere Mënsch wéis du".
Dofu mol oofgesinn, dass et absolut net an der Rei ass sou eppes vu sech ze ginn geet et, wéi de yann soot, em d'Foto net drëm wéieen Auto drop ass. Daat eenzegt waat hei mam Auto ze dinn huet AN der Foto ass seng Faarw. A wanns de géifs e sëlweren Audi dohin setzen wär d'Foto e gutt Stéck manner interessant. (nach laang net schlecht mee och secher net besser)
Hues de net. Du hues behaapt d'Foto wir besser wann en aneren Auto drop wir, an dann nach derbäi eben de Kommentar "lol waats du do spacks, hät mer dein auto 3 mol kinnten kaafen!", looss daat einfach sinn.
Ech wees op jiddefall, dass sou wéis du geschriwwen hues, net dengem Alter entsprecht an, dass daat waats de vun der gëss hei guer net vill Niveau huet. An genee daat géif ech an denger Plaz an nächster Zäit si loossen!
@cyber: WTF?! Du schengs en Opfer vun der materialistescher Gesellschaft ze sin an doriwwer eräus nach komplexéiert, dass de hei muss téinen, dier 3 Leon'en kennen ze kaafen!
Du kanns engem Leed doen
Daat heiten ass en Site fier seng Foto'en an net säin Porte-feuille äuszestellen! Begrenz dech also w.e.g. op t'kommentéieren vun den jeeweilegen Foto'en.
Merci.
TBC...
De cyber huet lo gemengt e misst seng Kommentarer selwer éditéiren an "deleted by admin" draschreiwen, vun eis war keen et (soss wiren d'Kommentarer ganz fort an et géif ee guer näicht méi gesinn).
De Grond dofir, do däerf jiddree sech seng Meenung maachen.
@Ziggy: Et deed mer leed dass sou en Zodi bei denger Foto entstanen ass.
E kräftecht blo, an en kräftecht giel, lecker!!! D'Landschaft fannen ech....wow....an iwerhapt den Opbau gefällt mer D'Rumm passt iwregens och
Ech gratuléiren: du hues eng "Autofoto" faerdech bruet di suguer maer net-Freak gefällt *lol*
p.s.: verschidden Saachen laafen lusch op der Welt ;))
cheers
(schneller Schlumpf...haat se radikal verpasst :( )