Studioblëtzer hun esou vill ech wees eng ze laang "Blëtzzäit" fir d'Waasser (op alle Fall hun ech déi Erfahrung gemach) - et feelt dofir un knackeg Schärft um Waasser, déi wéi ech fannen bei esou Fotoen noutwendeg ass.....
Ech war och nach op der sich dono... Mengen et ännert nach vill wann ech bis een schwaartzen Hannergrond huelen.
Des Bletzer hun eng Oofbrenndauer vun 1/600-1/1200s. Ech -mengen- dat misst dofir awer duer goen, oder wivill misst et sin fir do déi "knackeg Schärft" ze kréien?
Mee effektiv... lo wous du et sees... den SB-900 huet eng oofbrenndauer vun 1/880-1/38500s !!! dat ass dann effektiv schon eng aner Geschicht. Ech kukn mol wat dat gett wann ech deen huelen (entweder vir oder hannen), eleng oder mat denen aneren kombinéiert... Affaire à suivre...
Genau dat ass et : 1/1200s geet nämlech nët duer !
1/38500s op dengem SB-900 ass do scho méi nëtzlech, an d'Verschlosszäit un denger Kamera ass zimlech egal - zb 1/100 - domat gin d'Resultater dann direkt méi knackeg.
D'Serie ass gudd, mee vläicht e bëssen ze vill monoton... vläicht häss de dem Hannergrond eng aaner Faarw kënne gin... oder zB daat d'Serie sech soulues a lues opbaut daat bemol d'ganz Deppercher an d'Waasser faalen...
ahjo.. thx Flott iddi...
Ech war hei nach viirsichteg, well mein Wasserdeppen bessi wackleg stung, an ech net grad op enger Platz war wou ech mer kann leeschten dass dat emtrellt. Mee an enger 2ter Sessioun wert ech deng Iddi secherlech berücksichtegen.
THX vilmols...