na ja , et ass e bësse gemoolt a gepiddelt aus néicht iergendeppes zesummegewurschtelt , ech hät dem Johny et net emol kennen iwwel huelen wann en et net aktivéiert hätt
Naischt ass mol net Null:
nach manner wei guer Naischt.
An Null ass mindestens mol Null.
Net mei an net manner.
An Naischt ass och
de Kontraer vun Eppes.
Iergendeppes ass also
mei wei Naischt.
Wee weess wei gutt et ass ?
Mir gefaelt se,
deng Foto, suraki.
An dann, Ed,
dat wat eventuell gutt wier,
ass nach net sécher dat wat gefält.
Fanne mir äis an enger Foto erëm,
och wann se net gutt
fir anerer wier.
Eng Foto soll zumindest
éierlech sinn.
Esou
dass een
driwwer
schwätze kann.
lol, da kanns de jo lo selbstportraien machen Ed ?
ui, dei wor net leif !
nee, cool sach, mais ech mengen daat geht mei an den bereich rendering an huet mat foto net mei fill ze din, meng mehnung !
obwuel ech och emol en C4D frenn wor !
as allerdengs mei arbescht wei fotoen, an NEMMEN arbescht firun der Kescht !
also ech kann mer fierstellen dat een epes kreatives keinnt dermat machen, mais et wier schnell langweileg mengen ech, well et eben nemmen een effekt as ...
wei geht et dir, as aschon besserung an siicht ?