War de Mëtten zu Orval an hun ë bëssen mat HDR experimentéiert, ass awer net mäi Spezialgebitt.
Dofir ass all Kritik wëllkomm, et gëtt jo hei eng Rei Spezialisten.
Ech weess net wéi se faarweg ausgesäit, awer am SW ass se dir gelongen. Dat eenzegt wat mech drun stéiert ass d'perspektivesch Verzerrung, awer déi war wuel schwéier ze vermeiden gierf ech soen (ausser mat TS).
Merci fir däin Avis.
Jo déi perspektivesch Verzerrung ass schon zimlech hefteg, hu leider keen TS.
Ech hunn emol probéiert déi viicht Sail eeneger moossen riicht ze kréien , mee iergendwéi leeft Alles aus dem Lot .
Ech sinn ee vun deenen, déi perspektivésch Verzerrungen wuël gesinn. Mee mir sinn se egal. Perspektiv ass eben Perspektiv.
Mir gefällt di Foto do SUPER.