Cool Iddi, vir en Thema wou ech ,éierlech gesot awer guer keng Iddi hat!
Has de se fixéiert an dunn alleguer mateneen geföhnt oder hues de se eenzel gekillt an réischt am Gimp hannereneen gesat?
Dat 2., den Föhn hat zwar ongefeier 600°C, mee seng Reichweit ass relative limitiert an doweinst hun ech d'Ennzelbiller um Gimp zesummen gesat, mee d'Fotoen sinn awer allerguer vum selwechten puer Becheren
Merci, am Ufank wollt ech en Turbinenausgang vun engem Fliiger um Findel knipsen, mee ech hat gottseidank keng Zeit, an dunn ass mer dei doten eben Idee komm
Stemmt einfach irgentwei alles, Thema voll Getraff, dei wäiss "Rumm " passt mega gudd (ech haasse Rummen) an dann d'Spetzt vum Heissluftföhn... Passt alles.
Hei schreiwen der vill ët wier eng cool Foto, naja bei 600°C froen ech mech fir d'éischt ob's Du de Feierläscher op Déngem Foto-Set grëffberäit nobai haass ??
Kloer: 1 gutt Iddi & och super Ëmgesat !
Keng Angst, dei Blamage dass et bei eis durch meng Expérimenter brennt losen ech net zu , Well ech den Risiko vun dem ganzen wosst, well Plastik, respektive den Föhn kennen och brennen, hun ech mein Foto-Set an den Gaart, bei eng Betonsmauer, mat Betonsbuedem verlued, an en Emmerwasser war direkt greiwbar, an den Feuerlöscher aus dem Keller wir och seier do gewischt, mee du hues Recht dat zefroen, well 600°C sinn net neischt