Daat geseit sech jo no enger ganz flotter Plaatz un! Mech steieren 2 Saachen. Eichtens fannen ech et schued dass een d'Leit emmer nemmen vun hannen geseit, mee ech denken mer dass daat net wirklech aanecht meiglech war
Eppes aanecht, waats de awer häss kennen änneren, as dass d'Fotoen relativ deichter sin. Daat leit dorun dass d'Automatik vum Fotoapparat mat souvill weissem hellem schnei einfach net eenz get. Fier daat ze leisen gin et 2 einfach Methoden. Eichtens d'EV um apparat ropstellen, daat bezweckt dass de dem Apparat sees en soll Iwwerbeliichten, an desem Fall geif en et dann richteg Beliichten. Eng aaner Methode wär den Apparat ob manuell stellen an dann einfach Iwwerbeliichten.
Eng läscht Methode dei een eviteieren soll wann et nemmen geet, mee deis de lo hei nach kans uwenden as einfach lo am photoshop/gimp/picasa d'Foto mei hell maan
Wann ech ierlech sinn, dann leit dat net um Fotoapparat, mee un mer, ech hat mam Gimp d'Farfkurf verännert fir dass den Hannergrond mei kloer geet, änneren dat dann nach emol, merci awer fir dein Kommentar
Ps. Io et war net annescht meiglech, well et 3 Kicker annerteneen waren, an esou kunnt ech keng Plaatz fannen fir se gudd vun Vir zekreien, well d'Foto Nr.2 war schon relative riskant, well do lung ech do wou bei der Foto Nr. 5 den Cube "Quiksilver"steet
du stéiss bei sou Biller weit iwwer Grenzen vun denger Coolpix. Resultat as vir eng Pocket ok. Daat sälwecht mat enger Reflex op 2.8 get wesentlech besser.
Ech sin perséinlech kee Frend vun engem Crop deen kenger normaler Norm entsprecht.