Herrlech Nico, datt's de se esou grouss eropgelueden hues: op méngem 27.Zoll Ecran fëlle se den Ecran ganz aus a bei 3 resp. 4 gëtt et enorm eppes ze kucken. Fir mech ass déi Faarwech Variant hei déi besser, wëll se d'Owessonn an de Glasfënstere vun der Gare esou schéi stëmmungsvoll erëm gëtt, grad wéi och d'Reflet'en vun anere Luuchten, z.B. der Enseigne vun der Abdikt. Dat hei sin déi Fotoen, wou een an 20 Joer seet: do ware mir dobai, dat war am Coronajoer.
An zu Strosbuerg ass dat eng super Saach gin... Wann ech bedenken, datt an den 80er, wéi ech do studéiert hun, di selwécht Retizentze géint den Tram ware wi hei. Mat deene selwéchten Argumenter, datt dat den Dolchstouss fir d'Geschäfter do wier... Mais, wi soen se: Erstens kommt immer alles anders und zweitens als man denkt.