mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
|
|
Moien,
hun eng "kleng" Fro un d'Informatiker ennert eis, well ech hun e klenge beef mam réseau...
Wei ech gebaut hun, hun mer fier den Computer Ethernetkabel cat 7 geluet (froot mech elo net fiirwaat).
Den Patchpanel ass en Classe E, daat misst der cat 6 entspriechen [wei der mierkt geet d'Problematik schon un...]
D'Steckdousen sin RJ45, also och net Cat 7-Kompatibel
Den Router an den Switch sin 10/100, den LaCie deen ech am Keller hun ennerstetzt 10/100/1000.
Den iMac ass vun desem Joer an ennersetezt 10/100/1000 T-Base
Wann ech elo giff den Switch an den Router wiesselen (also 10/100/1000), giff dann den Transfert vun den Donnéen (maan regelmeisseg backup an gin och mol vereenzelt saachen op den LaCie sichen oder drop maan) mei seier gonn? Reng theoretesch misst ech jo awer dann, souzesoen, mat cat 6 fueren. Nee?
Thx
mikE
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
23.12.2009 08:39 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Also, d'Wahl zum Cat 7 als Kabel war schon ganz richteg. Ech benotzen deen och bei all Installatioun. Dass du den elo un een Classe E (also Cat 6) Patchpanel ugeschloss hues ass och keen Problem. Mat Cat 6 kanns du ouni Problem Gigaethernet fueren.
RJ45 ass just den Typ vun Stecker. Deen kann vun all Kategorie sin. Do muss du den Model iwerpréifen. Awer wanns du oder dein Elektroinstallateur seng Aarbescht richteg gemeet huet, dann sin déi och minimal Cat. 6.
Waat d'Zuel méi heig ass, waat besser. Awer ab Cat. 6 kanns du ouni Problem Gigaethernet fueren. Cat. 7 ass just nach eng besser Qualitéit wéi Cat. 6. Du kanns also ouni Bedenken een GigaEthernet-Switch uschléissen an dann hues du och Gigaethernet (wann d'Prisen och richteg verkabelt sin, also déi 4 Puer och wirklech all ugeschloss sin).
|
|
23.12.2009 10:14 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
witzeg,
sin och am gaang meng LAN verkabelung ze machen,
hätt awer nie drun geduecht hei nozefroen !
haat schon baal Cat6 Kabel etc kaaf ... !
mais elo iwerleen ech mer mol nach e puer sachen lol !
obwuel ech net mei sou fill speed brauch !
mais ween wees waat an den nächsten Joeren geschitt hei, villeicht sin mer jo eng keier "up to date" mat der technik hei am land !
Ech hun gesin dat se och bei den Becksen (also enenrbotz-prisen fier den RJ-45) emmer derbai schreiwen dat et fier DSL + ISDN as etc ...
muss ech do op epes oppassen ?
(Shanti ech gesin du bass en expert ... lol ! )
|
|
23.12.2009 10:44 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Jo, secher du muss dir schon Wandmoduler kaafen fir Reseau. Och wanns du een Telefon drun uschléiss. Telefonsuschless am RJ-45 sin hëchstens Cat. 4. Daat ass net geduecht fir Reseau. Du kanns awer roueg Telefon (ISDN an Analog) iwert eng RJ-45 Cat. 6 Prise fueren.
Hei kanns du vergleichen:
http://www.hyperline.com/catalog/plugs/sb-gts-6-sh.shtml
|
|
23.12.2009 10:57 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Also, d'Wahl zum Cat 7 als Kabel war schon ganz richteg. Ech benotzen deen och bei all Installatioun. Dass du den elo un een Classe E (also Cat 6) Patchpanel ugeschloss hues ass och keen Problem. Mat Cat 6 kanns du ouni Problem Gigaethernet fueren.
RJ45 ass just den Typ vun Stecker. Deen kann vun all Kategorie sin. Do muss du den Model iwerpréifen. Awer wanns du oder dein Elektroinstallateur seng Aarbescht richteg gemeet huet, dann sin déi och minimal Cat. 6.
Waat d'Zuel méi heig ass, waat besser. Awer ab Cat. 6 kanns du ouni Problem Gigaethernet fueren. Cat. 7 ass just nach eng besser Qualitéit wéi Cat. 6. Du kanns also ouni Bedenken een GigaEthernet-Switch uschléissen an dann hues du och Gigaethernet (wann d'Prisen och richteg verkabelt sin, also déi 4 Puer och wirklech all ugeschloss sin). |
Merci Shanti!
Jo, dei 4 peur sin all ungeschloss. Den Modell vum RJ45 wees ech awer net. Kukken daat dann den Owend no.
Wann ech Dech also richteg verstinn, muss ech "just" den Switch an den Router wiesselen fier kennen mei äus mengen Leitungen ze zéien, also besser vun der Installatioun profiteiren?
Den RJ45 ass, laut Wiki, net ganz compatibel weinst der architectur vum Stecker oder sou... den GG45 pass 100% bei den cat 7 kabel an kann dann och di maximal Leeschtung notzen.
http://de.wikipedia.org/wiki/Cat-7-Kabel
steet relatif önnen am Artikel
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mikE am 23.12.2009 13:22.
|
|
23.12.2009 12:59 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Jo, ech hun och nach keen Cat 7 RJ-45 Stecker gesin. Daat ass emmer Cat 6. Och den Patchpannel ass Cat 6 an d'Wandprisen sin och Cat 6 (obwuel op den Corning RJ-45 Moduler déi ech nach virun 2 Wochen kaaf hun drop steht se wieren fir Cat6 an Cat7 stemmt daat nemmen "bedingt"). Den Cat 7 huet d'Eegenschaft dass een domat bis zu 10 Gigabit bei enger maximaler Kabellängt vun 100 Meter iwerdroen kann (awer dann mat GG45). Mat Cat 7 Kabel hues du also, och wanns du mat RJ-45 Cat 6 Steckeren schaffs emmer nach d'Méigelechkeet, wanns du et irgendwann eng Kéier brauchs, och bis zu 10 Gigabit ze iwerdroen mat GG45.
Grob gesin kann een jo schon GigaEthernet mat Cat5e iwerdroen. Awer et ass emmer besser e bessi méi grouss ze gesin mat denen Sachen déi een an d'Mauer leet. D'Evolutioun geht jo sou schnell dass et méi einfach ass d'Steckeren ze wiesselen wann een méi well, wéi ganz neien Kabel ze zéien.
Dann get et jo och nach Glasfaser, awer daat kann een meschtens net doheem gebrauchen well een den net scharf béien kann an engem Eck (am Kabelkanal oder Ennerbotz). An do kann een den normalen Telefon dann och vergiessen.
EDIT: Ajo, du hues richteg verstanen. Ech gin mol dovun aus dass deng Wandmoduler och wéinstens Cat5e oder Cat6 sin. Soss huet de Rest vun der Installatioun jo keen Wert gehaat. Also brauchs du just dein Material op Gigaethernet ze upgraden...
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 23.12.2009 13:38.
|
|
23.12.2009 13:29 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Uuuuuuuuhh super!
Dann bleiwen ech mol beim nexten Computerbutték stoen an dann get router a switch - geswitcht -
Thx!
Schéi Feierdeeg wann mer eis nemmi sollten liesen bis dohin
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
23.12.2009 13:59 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Mahlzeit!
Wollt mol kuerz berichten:
hun mer en gigabit switch kaaft an och en router. beides vun netgear.
fiirdrunn hun ech donnéen mat 6-8 mb/s transféreiert, lo sin ech tescht 11 an 13 mb/s. (läut iStat Pro)
an elo den beef, well ech hun e problem gehaat mat der installatioun:
* switch installeiert; relax: deen een fort deen neien dohingesaat an gekabels ungeschloss.
* gigabit router dohin, ungeschloss; easy: all drive gett vum iMac erkannt an den transfert ass e genoss.
Mee wisou hun ech keen internet? no 2 stonnen hin an hier, traap op, traap oof an bis op d'Post telefoneiert (ka jo mol sin dass ech daat falscht passwuert hun...) ass mer lo mol opgefall: ech hun e router, a keen modemrouter !!
bon, - never mind - duecht ech, traap oof, hun dunn den zyxel-modem (10/100) vun der post fiirun den router geklemmt. dunn ass nach manner gaang wei fierdrunn: keen internet an den réseau huet gesponnen an ass mer oofgekakkt.
dunn alt rem traap oof, modem äus, rouer äus an eweg domadden, modem einfach un den switch ungeschloss, ungemaa an rem traap op.
dunn hun ech getest: internet ok, réseau ok ass alles ungewisen, transfert vun den donnéen 12 mb/s...
an elo meng Fro:
brauch ech iwwerhaapt deen gigabit router??? anscheinend leeft et och gudd ouni hien!
ass et dann flait elo esou, vu que dass ech elo den gigbit-switch hun, den imac einfach alles och esou erkaennt an eben mat der maximaler vitesse den transfert mecht?
wann daat esou ass, stinn ech muer de mueren mam router am butték an dann kennen se sech eng anfaalen loossen....
cheers
mike
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mikE am 27.12.2009 22:50.
|
|
27.12.2009 22:42 |
|
|
rom unregistriert
|
|
Daat as jo interessant daat heiten. Vu que dass ech och bauen an daat Thema och demnächst op den Dësch kënnt, wäert ech mech bestëmmt nach eng Kéier hei mellen wann ech mech mol bësse schlau gemat hun :-)
|
|
28.12.2009 09:48 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
Waat ass eigentlech den ennerscheed vun engem Roter an engem Switch.
Ech duecht vum Fontionnement hier wier et baal daat selwescht. Just dass en Switch keng IP adressen kann verginn. Mee wanns du zwee apparater un den Switch hängs kënne déi jo ennerteneen iwwert den Switch mateneen kommunizéieren. Ann en Router mecht jo daat selwescht. Dësst ass alles eischter eng Frô, nët eng Äntwert. Villäicht kann jo een mier daat elo erklären.
Villmols Merci am Viraus.
__________________
|
|
31.12.2009 11:35 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von Baba
Waat ass eigentlech den ennerscheed vun engem Roter an engem Switch.
Ech duecht vum Fontionnement hier wier et baal daat selwescht. Just dass en Switch keng IP adressen kann verginn. Mee wanns du zwee apparater un den Switch hängs kënne déi jo ennerteneen iwwert den Switch mateneen kommunizéieren. Ann en Router mecht jo daat selwescht. Dësst ass alles eischter eng Frô, nët eng Äntwert. Villäicht kann jo een mier daat elo erklären.
Villmols Merci am Viraus. |
Also, einfach ausgedréckt, en Switch kann nëmmen Traffik an engem Réseau verdeelen. En Router kann Traffik teschent verschiddenen Réseauen weideleeden. En Réseau as dobäi definéiert als eng IP-Range, also eng Rei vun IP-Adressen. Dobäi as z.B. den Réseau vun der Post mam DSL den een an däin internen Réseau deen aaner. Déi schaffen mat verschidden Adressen an nëmmen en Router kann traffik teschent deenen zwee weiderleeden. Dass zwee Computer iwert en einfachen Switch mat eneen schwätze kënnen geet nëmmen wann entweder op beiden Säiten eng fest IP-Adress (am selweschten Range) angestall as oder d'Systemer eng Fonktionalitéit hun fir an beschtemmten Adress-Rangen automatesch géigensäitesch verschidden Adressen "auszehandelen".
Daat as elo zimlech vereinfacht, mee ech hoffen et as verständlech.
|
|
31.12.2009 12:18 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
|
31.12.2009 13:20 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von Baba
Villmols Merci Charly
Daat hun ech elo verstaanen.
Also ass et gudd op manst een Router(Modem/Router) ze hun deen IP-adressen verdeelung mecht , daat kann een jo do astellen. Vun do aus fiert een dann op den GigaSwitch an mecht mat deem Verdeelung un d'Geräter (PC, NAS, etc. ..) en GIGabit Router sou wéi den mikE daat gemeet huet brauch een dann nët well den Internet souwéisou méi lues ass wéi den Modem Router. Ausser et schléisst een och nach gären Geräter un den Router déi och GigaLan ennerstetzen.
En Gudden Rutsch wënschen ech Allen déi dest elo liesen. |
Baal richteg. Du muss keen Router hun fir automatesch IP Adressen ze vergin (déi Funktioun nennt een en DHCP-Server an daat kann en Router maachen, oder en PC, oder vill aaner Saachen). An en Gigabit router mat DSL-Uschloss as schon ok, och wann den Internet nët esou séier as, sin all di aaner Verbindungen awer Gigabit ennerteneen. An Du brauchs nëmmen een Apparat, keng zwee.
|
|
31.12.2009 15:23 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
B'juer an alles Guddes am Neien!
Also den Router huet den Här am Butték mer zeréck geholl, well ech indeed keen bräuch. Den Switch deen ech hun, mech en automateschen upscaling op gigabit.
Effektif, d'Internet ass nach net sou wäit dass de en gigabit modem brauchs. daat kennt dann "gemittlech" iwwert den 10/100 eran.
Mee iirgendwei funzt eppes net bei mär: dei maximalgeschwindegkeet dei den iStat gemoos huet as 13 mb/s. vun gigabit ass na net ze schwätzen.
Wees een wisou?
merci
mikE
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
01.01.2010 13:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
13 MB (wichteg dass et e groussen B ass) sinn, liicht ongenau, d' Limit vum 100mbits LAN.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.01.2010 15:59 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
my mistake
ech mengen du haas mer daat scho mol gesoot en plus
mee wisou kreien ech dann net mei wann den switch all luucht op gigabit un huet an dei verschidden elementer gigabit "ennerstetzen"?
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
01.01.2010 16:09 |
|
|
|