Gaga unregistriert
|
|
http://www.pixmania-pro.lu |
|
Salut alleguer,
Ech wollt mol froen ob een hei um Site schon erfahrung mat pixmania.lu gemach huet.
Se hun relativ gut Praiser (oppassen HT as emmer ugin!!!) an an der WWW-Wüst lëtzebuerg as et schon praktesch en Prais um lëtzebuerger Marché um net NET ze fannen, eis Geschäfter sin jo all richteg internet-muffelen.
T'Fierdeeler sin fier emch eindeutesch :
- letzebuerger Geschà ft (???)
- schnell Liwerung
- gut Praiser
t'Nodeler :
- testen net meiglech
- waat as mat der Garantie
- wei zouverlà sseg as et ?
Huet schon een do bestallt an kann mer soen weieng erfahrungen dat en gemach huet ?
|
|
16.12.2010 08:34 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
RE: http://www.pixmania-pro.lu |
|
Ech mengen dat eenzegt wat bei deene lëtzebuergesch as, as den .lu.
Se si jo europawäit vertrieden an da kann ech mer nët fierstellen, dass se hiert Lager hei am Land hun an e schnelle Liwwerseervice heihin ubidden.
|
|
16.12.2010 09:53 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
RE: http://www.pixmania-pro.lu |
|
jo, hun ech mer geduecht well se eu weit sin, mais mengs de se hätten guer keen setz hei ?
mais du kanns fier 8 (jeh no objet) eng 24h liwerung kreien !?!
|
|
16.12.2010 20:54 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
also ech hun schon mol do bestallt gehaat, d'praisser fannen ech perséinlech lo net den hummer, do ass oft iwwer amazon (wann een bessi mat den währunge spillt cf. pond dollar) méi erauszehuelen... Mee Pixmania ass usech awer wiirklech ok, an hiere Liwwerservice ass excellent! Alles kennt hun an och nach relativ zügesch
(di 24h sin net gelunn
) op se awer lo en Lager oder Setz hei hun kann ech der net soen!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
17.12.2010 05:54 |
|
|
Zampano
Mitglied
Dabei seit: 11.07.2009
Beiträge: 30
|
|
ich wollte mich da mal als Händler anmelden. Ich habe schnell erkannt das sogar die Händlerpreise teuerer sind wie bei manch anderen Onlineversand für Privatpersonen.
Andy
|
|
19.12.2010 19:52 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
danke Andy!
PS : mit was handelst du den ???
|
|
20.12.2010 15:02 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
Gaga,
Ech hunn do mein 55" Fernseh kaaf fir gutt 400 eur manner wéi beim Hifi...
Vierdeel:
Belleg
ganz schnell geliwwert
satisfait ou remboursé
alles tiptop geklappt, an wéinstens krutt Ech keen Austellungs-model (waat se mir am Hifi ugebueden hunn)
Also wann et fir esou ee monster-fernseh gutt klappt, muss och fir photoapparaat geschier klappen...
Laut EU hues Du op alles 2 joer garantie (och wann garantie constructeur nemmen 1 joer ass, dann muss den Distributeur fir daat 2t joer opkommen
|
|
21.12.2010 20:52 |
|
|
Fennec
Jungspund
Dabei seit: 30.12.2009
Beiträge: 24
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Salut,
meng Erfahrung mat Pixmania as net grad super, hun firun 2 Joer menger Duechter eng FUJI FX30 kaft, sie woren deemols dei Bellechst, d'Liwwerung huet nawell zügeg geklappt, no 6 Meint hat den Apparat en Defekt, hun en bei sie angeschekt an et huet 3 Meint gedauert fir en ersat ze kreien, nemmen well ech net dei zousätzlech Garantie kaaft hun.
Wann ech an der Läscht do gekuckt hun sinn emmer nach zousätzlech dommheeten opgebrummt gin, sou eppes kann ech net Leiden an ech ignoreieren dei Boite, bei guenstiger.de fenns de irgend een Händler den dir dat mei Gensteg an ouni Gedeich verklappt.
Patrick
|
|
23.12.2010 17:28 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
Ech hu mäi GF1 bei dene kaft, well en do däitlich méi blëllich war. Et huet awer réischt am 2. Ulaf geklappt, déi 1. Liwwerung war verluer gaang...
De Pak koum aus Frankräich an och wann een dohinner urifft, land een bei engem Call-Center a Frankräich.
|
|
25.12.2010 20:16 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Pixmania-pro ass just fier professionneller an Händler oder?
Wann ech d'Praisser um normalen pixmania.lu kucken , dann fannen ech se elo net esuuuu preiswert.
|
|
25.12.2010 23:47 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
also den 24-70 f2.8 vun Nikkor kritt een bei hinnen fier 1276€, HT, mais waat ech neierens fannen as weivill hier TVA as !?!?
fannen ech lusch ...
hun mettlerweil bei amazon een fier den selwechten preis fonnt, mol kucken ...
merci @ fier är mehnung
|
|
26.12.2010 00:48 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
HTVA well et eben fier Händler.
|
|
26.12.2010 08:37 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
@ gaga : wann sie aus letzebuerg raus verkaafen misst tva wéi bei all luxus-artikel 15% sin.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
27.12.2010 23:28 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
jo, mais vun wou se verkaafen as jo graat "schleierhaft" wann et zb aus der Belsch kennt sin et schon 21% ....
|
|
28.12.2010 10:35 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
muss en impressum op der seit gin, dozou sin se gesetzlech verpflicht. do misst dann souguer eng steiernr. stoen wann se aktiv handel bedreiwen.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
28.12.2010 11:19 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
Also als Info:
Wann den Export - CHIDA an ee besetemmten EU-LAnd vun engem Internetgeschäft (oder allgemeng Vente par correspondance) iwwert en gewessenen Seuil geet (hängt vu Land zu Land oof) da muss daat Geschäft sech an deem Land eng TVA Nummer ufroen. Wann den Seuil net erreecht get da kann d'TVA applizéiert gin.
Wann also Pixmania.lu iwwert e gewessenen Montant hei Venten mecht, oder wann si hei eng TVA Nummer hun, kennen si dir 15% rechnen.
Ehttp://ec.europa.eu/taxation_customs/taxation/vat/consumers/mail_order_distance/index_fr.htm
|
|
30.12.2010 09:17 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
merci ,
da kucken mer mol ob se eng keier epes onwiderstehliches hun lol
|
|
31.12.2010 01:10 |
|
|
Quaffit
Jungspund
Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg
|
|
Och wann des Diskussioun schons e bessen méi aal as wollt ech eppes dozou soen. Ech haat lo den Forum dursicht no Informatiounen wou een am bellechsten bei eis Material kaafe kann an dowéinst des Diskussioun font...
Ech froe mech Eent: Firwaat kaaft dir bei Amazon oder sos am Ausland, wou et dach meescht fir baal deselwechten Präis oder esouguer dacks méi bellech bei eis am Land ze kréien as? Eis Geschäftsleit wellen och liewen! Dofir kaafen ech wann et nemmen geet léiwer bei eise Leit - lo kann een natirlech domat kommen dass daat jo dann eh meescht Frontalier'en sin déi just hei schaffen an net hei wunnen, awer Tatsaach as dass och déi hei Steieren bezuelen an hei Geld ausgin, waat eisem Staat an domat eis all zedudd kent.
En einfacht Beispill: ech hun virun 2 Joer an enger Reklamm vun Amazon.co.uk gesin dass sie 2,5" Seagate Festplakken mat 500Gb fir nemmen 109€ verkaft hun. Ech hun dun mat preisvergleich.de gesicht an de bellechsten Präis an Däitschland mat 94 Euro font - mam Schécken op Letzebuerg wären et och iwert 100 Euro gin. Bei alternate.de, waat en wirklech gudd Geschäft mat guddem Service as, hätt esou eng Plakk 118€ kascht. Ech hun se hei am Land op der Areler Stross zu Stroossen beim BureauTic och fir 109€ kritt an se dun natirlech do kaaft.
Mam Fotomaterial as et natirlech ähnlech. Ech sichen de Moment no enger Einsteiger-DSLR fir mäin Meedchen an wärt se bei HiFi zu Miersch kaafen well se do de beschten Präis hun an och well ech do frëndlech servéiert gouf. Ech haat am Saturn ugeruff fir denen hieren Präis gewuer ze gin. Do haat ech fir d'éischt mol en amateurhaft Usoo déi wouel vun der Botzfra gemaat gin war, a wéi ech dun endlech en Mensch um Aparat haat, kruut ech gesoot dass sie keng Präisser per Telefon därfen erausgin. Dann därfen se hieren Kreemchen och haalen!
Denkt w.e.g. un eis Leit an eis Economie iert Dir am Ausland kaaft. Mir as Beroodung an gudden Service jidderfalls eppes wert.
Gast
|
|
30.03.2011 11:13 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Zitat: |
Original von Quaffit
Ech froe mech Eent: Firwaat kaaft dir bei Amazon oder sos am Ausland, wou et dach meescht fir baal deselwechten Präis oder esouguer dacks méi bellech bei eis am Land ze kréien as? |
Meng Erfahrung: Ech kann nemmen positives iwwert amazon.co.uk amazon.de an alternate zielen, an LEIDER net fill positives fun Vendeuren hei am Land erzielen.
Am Internet haat ech nach BAAL emmer e fill mi bessere Präis wi soss an engem Geschaefft hei am Land fier mäin Artikel, an do schwetze mer net fun 5€, mais em richteg gudd Geld, 10-40% (suguer schons 50%) hun ech schons puer mol op den een oder anneren Artikel gespuert.
Am Internet haat ech et nach nie dass mäin Artikel net disponibel war, respektiv ech hun net laang missten waarden bis et erem op Stock war,
hei am Land bestells de heinsdo eppes an et dauert Eiwegkeeten bis et ukoennt.
Via Internet bestallt kriss de et suguer heembruet mat der Post :-)
Ech probeiren och emmer fier t'eischt meng Suen HEI am Land auszeginn, mais wann se mäin Artikel net hun oder net bestellen woellen, oder et eiweg laang dauert bis mein artikel do ass, oder mein Artikel vill ze Deier ass, oder mein Artikel nach den aale Model ass¨, ech eng schlecht Beroodung kritt hun, oder ech soss mengen dass e Geschaefft meng Suen net verdengt huet, dann kucken ech am Internet no.
|
|
01.04.2011 08:11 |
|
|
Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
am Internet muss ech net fiir d'eischt bis an x Butteker rennen fiir ze fannen waat ech sichen (oder et souguer vläit guer net ze fannen ...) an kann gemittlech vun doheem aus shoppen.
Wieren d'Letzeboier Shops net sou blöd an geifen och mol online goen wier et jo och eng aaner Saach ...
mee se zeihen jo lues awer secher no. Mat Luxcaddy beispielsweis oder dne Auchan mat sengem Click & Drive ... hoffentlech kommen demnächst och "Technik"-Geschäfter hei am Land mol op den Triichter, dass een sech net mei fiir all Schissi deplacéieren well ... Benzin ass deier, den Auto souwisou, et soll een souwisou manner ronderemfueren, d'ass eh iwwerall Stau, et fennt een keng Parkplaatz an wann een dann endlech do ass fennt een raus, dass se guer net hun waat een well ... böh
haut haat ech mer z.B. am Auchan drei Videospiller kaaf ... awer och nemmen well ech graad souwisou am Auchan woor. Ansonsten gin ech lo net derhier an denken mer "ech well Spill XYZ kaafen" an gin dann mol an den Viaduc an dann an den Darty an an den Auchan asw. kucken wou et am bellegsten ass an huelen mer et dann mat ... nö, um Bureau gemittlech am Internet ronderemgeklickt, den Daag drop läit et an der Boite
an meeschtens 10€ oder mei nach gespuert dobai ...
An last but not least: bei Amazon keeft een mei letzeboiesch wei een mengt
-> amazon.de ist der Handelsname für Amazon EU S.a.r.l., Amazon Services Europe S.a.r.l. und die Amazon Media EU S.a.r.l.. Diese Website (ausgenommen Marketplace) wird von der Amazon EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis - 2338 Luxemburg (Ust-ID: DE 814584193, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0101818 ) betrieben. Die Amazon.de Marketplace- und zShops-Plattform ebenso wie andere Angebote für Drittanbieter auf dieser Website werden von der Amazon Services Europe S.a.r.l, 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 19647148, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0093815 ) betrieben. Der MP3 Music Service wird von der Amazon Media EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 20944528, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0112767) betrieben. Alle vorgenannten Gesellschaften werden gesetzlich vertreten durch Gregory Greeley.
dei Leit dei op 5 rue Plaetis schaffen mussen jo och hier Paye verdengen
|
|
01.04.2011 19:56 |
|
|
|